Medezin uni.lu: "Master an der Medezin vun 2023 u méiglech"

E Masterprogramm fir d'Medezin wier sécher méiglech, esou den Direkter vun der Medezinausbildung Gilbert Massard. Déi praktesch Expertis wier scho bewisen, mee elo misst d'Uni d'Léierkräften opbaue fir den theoreeteschen Deel. De Professer seet, d'Uni kéint technesch gesinn ee Master vun 2023 un ubidden: da wieren déi éischt Studenten, déi dëst Joer e Medezinsbachelor ugefaangen hunn, prett fir an de Master.

Maxi Pesch / tt

Medezinstudium zu Lëtzebuerg
Foto: picture alliance / BSIP

Den Educatiounsministère hat rezent gesot, datt de Bachelor an der Medezin eréischt an den nächsten dräi bis fënnef Joer géif evaluéiert ginn, fir dann ze kucken, ob e Master méiglech wier.

Am Ausland eng Plaz fannen

De Professer Gilbert Massard hofft, datt dat schonn éischter geschitt. Hie kéint sech virstellen, datt d'Regierung wéinst der Corona-Kris eng aner Decisioun trefft, fir de Moment kéint ee sech awer just op dat baséieren, wat bis elo gesot gouf.

D'Decisioun fir ee Master ze schafen hänkt vun der Evaluatioun vun deenen zwou éischte Bachelor-Generatiounen of.

"Dee Moment muss dann och ofgeséchert sinn, datt eis Studenten am Ausland eng Plaz fir eng Spezialisatioun fannen. Datt si do op auslänneschen Unien ugeholl gi fir déi Spezialitéiten, déi si zu Lëtzebuerg net kënne maachen. An dat verlaangt vläicht nach e puer Momenter vu Verhandlung vun eiser Regierung mat eisen Nopeschlänner."

Spezialiséierunge elo schonn ausbauen

Bis ewell bitt d'Uni Lëtzebuerg dräi spezialiséiert Ausbildungen un: an der Onkologie, der Allgemengmedezin an an der Neurologie.

Dem Direkter vun der Medezinsausbildung op der Uni no kéint een zu Lëtzebuerg awer souguer schonn d'Spezialisatiounsausbildung ausbauen, éier de Masterprogramm uleeft. Esou géifen eventuell Lëtzebuerger, déi direkt oder nom éischte Joer an d'Ausland studéiere gaange sinn, nees een Appell kréie fir zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.

Dem Professer Gilbert Massard no wier et dann och fundamental wichteg, datt d'Studenten zu Lëtzebuerg en Doktertitel an der Medezin kënne kréien.

Méi zum Thema

Een Drëtten vun de Medezinstudente kënnt net op Lëtzebuerg zeréck
Medezin

Den Héichschoulministère wëllt an den nächste Joren iwwerpréiwen, ob et Sënn mécht ee komplette Medezinstudium op der Uni Lëtzebuerg unzebidden. Eng Pist wier de Modell vun enger Unisklinik.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen