Radioen

On air

9 bis 1  |  Death Cab For Cutie - Here To Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Uni Lëtzebuerg: Déi éischt 13 Medezinsstudenten hunn hire Bachelor

Bildung

Uni Lëtzebuerg: Déi éischt 13 Medezinsstudenten hunn hire Bachelor

Déi éischt 13 Studenten, déi Medezin op der Uni Lëtzebuerg studéiert hunn, hunn hire Bachelor an der Täsch. Ee Lëtzebuerger Master an der Medezin ass scho méi laang am Gespréich. D'Decisioun doriwwer soll op Basis vun der Evaluatioun vun den éischten zwou Generatioune vu Bachelorstudiegäng getraff ginn.

auto_stories

3 min

D'Medezinsstudente vu Lëtzebuerg ginn elo fir hire Masterstudium op verschidden Unien an der Belsch an a Frankräich verdeelt, sou wéi et am Accord vun der Regierung mat den zwee Nopeschlänner virgesinn ass.

Eng Ëmstellung, op déi si awer, besonnesch wat de praxisorientéierten Deel ubelaangt, ganz gutt virbereet wieren, mengt den Direkter vum Medezinstudium op der Uni Lëtzebuerg, Gilbert Massard. Vum zweete Joer un maachen d'Studenten nämlech all Semester ronn dräi Woche Stagen an de Spideeler oder bei Generalisten hei am Land. E Virdeel wier dobäi och déi kleng Unzuel u Studente gewiescht, seet de Gilbert Massard.

"Dat ass jo och logesch, wann der e Grupp vun 13 Studenten hutt, dat ass eng aner Saach wéi wann een ee Grupp vun 350 huet."

D'Limitte vum Studiegang

Déi zweet Generatioun vu Studenten, déi dëst Joer mat hirem Bachelor an der Medezin op der Uni Lëtzebuerg fäerdeg ginn, sinn zu 31. Vill méi grouss soll de Studiegang fir den Ament och net ginn. Engersäits, well een d'Capacitéite guer net dofir hätt. Et gëtt awer och nach een anere Grond, präziséiert de Gilbert Massard.

"Ech denken, datt et geféierlech wier, fir vun haut op muer ze soen, mir mussen der méi huelen. Well da musse mir och virdrun eng Planung maache fir déi entspriechend zousätzlech Léierkräften ze fannen an och déi néideg Surfacen ze developpéieren."

Anerersäits wieren op de belschen a franséischen Unien aktuell och nëmmen 33 Plazen an de Masterstudiegäng fir d'Lëtzebuerger Studente garantéiert. Eng Alternativ kéint ee Master an der Medezin op der Uni Lëtzebuerg sinn, sou wéi e scho méi laang am Gespréich ass.

Lëtzebuerger Medezinsstudenten zu Lëtzebuerg halen

E Lëtzebuerger Master kéint e wichtegen Deel dozou bäidroen, fir dem Manktem un Dokteren hei am Land entgéint ze wierken.

"Well se da jo souzesoen hallef Deeg an de Spideeler verbréngen an e besseren Abléck kréie wat leeft. An ech mengen dann ass een och méi no beim Moment wou een d'Spezialitéit ufänkt, sou datt een dann och dee Moment eventuell schonn e moraleschen Accord mat engem Grupp vu Spezialiste fonnt huet."

Vill vun de Lëtzebuerger Medezinsstudente bleiwen aktuell no hirem Studium am Ausland. Dofir wier et wichteg, si esou fréi wéi méiglech un de Lëtzebuerger Ekosystem ze bannen, sou nach de Gilbert Massard.

Lëtzeburger Master wichteg fir géint Mangel un Doktere virzegoen

D'Decisioun, ob e Lëtzebuerger Master an der Medezin geschafe gëtt, soll op Basis vun der Evaluatioun vun den éischten zwou Generatioune vum Bachelorstudiegang getraff ginn, hat den Héichschoulminister Claude Meisch ugekënnegt. Eng éischt Autoevaluatioun wier schonn amgaangen a géif vun der "conférence internationale des doyens de medecine francophone" encadréiert ginn, war et op Nofro d'Prezisioun vum Direkter vum Medezinstudium op der Uni.lu. Dee Rapport soll am Hierscht virleien. Fir de Gilbert Massard misst een elo awer virun allem d'Fro klären, wéi eng Spezialisatiounen an deem Master kënnen ugebuede ginn, nieft der Allgemengmedezin, der Neurologie an der Oncologie.

Fir de Gilbert Massard kéint e Lëtzebuerger Master awer e wichtegen Deel dozou bäidroen, fir dem Manktem un Dokteren hei am Land entgéint ze wierken. Et misst een d'Medezinstudenten esou fréi wéi méiglech un de Lëtzebuerger Ecosystem bannen.