Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ungarn ass eng Wal-Autokratie"

EUROPAPARLAMENT

"Ungarn ass eng Wal-Autokratie"

Ungarn kann net méi als vollwäerteg Demokratie bezeechent ginn, seet ee Rapport vum Europaparlament. D'EU hätt doduerch, datt just nogekuckt gouf, dozou bäigedroen, datt d'Situatioun méi schlëmm ginn ass. Suen aus dem Corona-Hëllefsprogramm dierfte bis op Weideres net ausbezuelt ginn, sou d'Parlament.

auto_stories

2 min

D'Parlament huet dee Rapport mat enger grousser Majoritéit vu 433 Jo - zu 123 Nee-Stëmmen ugeholl.

De Fait, datt d'EU keng Mesure geholl huet, hätt zu engem Zerfall vun der Demokratie, dem Etat de Droit an de Grondrechter an Ungarn gefouert, "faisant du pays un régime hybride de régime d'autocratie électorale comme le montrent les indicateurs les plus pertinents", zitéiert d'Rapportrice vum Parlament, déi gréng Gwendoline Delbos-Corfield an der Plenière zu Stroossbuerg aus dem Rapport.

An där "Wal-Autokratie" géif et zwar Walen, ma déi demokratesch Normen a Standarde sinn net agehale ginn, schreiwen d'Deputéiert.

Parlament: Aner Memberlänner mussen aktiv ginn

Dozou gehéiert, datt et an Ungarn keng fräi Press oder onofhängeg Justiz méi gëtt, seet eng vun de Co-Autricen, d'CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler

"Et ass ee ganze Kontext vu fundamentale Wäerter vun der Europäescher Unioun, déi net méi gi gi sinn an d'Rechtsstaatlechkeet, déi net méi funktionéiert."

D'Parlament verlaangt, datt d'Regierunge vun deenen aneren EU-Länner endlech aktiv ginn.

"Fir datt Ungarn sech muss un de Rechtsstaat halen oder déi Rechter, déi et als Memberstaat huet, verléiert", sou d'Isabel Wiseler.

Dofir virgesinn ass eng Prozedur nom Artikel 7 vum EU-Traité. Deen huet awer seng Schwächten, wëll um Enn ee Land just da ka sanktionéiert ginn, wann all déi aner eestëmmeg dofir sinn.

Europäesch Kommissioun kéint Fonge kierzen

D'Europäesch Kommissioun ass verschiddene Medie no drop an drun, Ungarn domat ze dreeën, EU-Fongen a Milliardenhéicht ze kierzen. Si géif domat fir d'éischte Kéier dee sou genannte Rechtstaatsmechanismus uwennen. E respektive Bréif kéint der dpa no dëse Sonndeg op Budapest geschéckt ginn.