arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Unesco-Label fir de Mëllerdall

Als Global Geopark klassifizéi

|
reading time

4 min

Unesco-Label fir de Mëllerdall

Wie scho mol do war, weess, de Mëllerdall ass eng ganz besonnesch Landschaft. Dat huet elo och d'Unesco unerkannt an den 13. Abrëll dem Natur- a Geopark-Mëllerdall am zweeten Ulaf de Label Unesco Global Geopark ginn. Domat ass d'Mëllerdall elo Deel vun engem weltwäiten Netzwierk vun 177 exzeptionelle Sitten a 46 Länner.

reading time

4 min

Duerch den Unesco-Label kritt de Natur-a Geopark Mëllerdall sécherlech eng méi grouss Visibilitéit - besonnesch international. Weltwäit couvréieren d'Unesco Global Geoparken zesummegerechent en Territoire esou grouss ewéi Japan. Déi 256 Quadratkilometer vum Mëllerdall maachen do knapps 0,07 Prozent aus. Mee bekanntlech ass dat, wat besonnesch rar ass, jo och besonnesch wäertvoll.

Datt hien en Unesco Global Geopark visitéiert, weess de Werner vu Frankfurt net. Hien huet zoufälleg am Internet iwwer de Mëllerdall gelies a wollt sech dat mol selwer ukucken. Him gefalen extrem Landschaften an e war och schonn am Grand Canyon an an den Dolomiten. Vum Mëllerdall ass hie begeeschtert:

"Das hier hat einen ganz anderen Charakter dadurch, dass es eigentlich eine Mittelgebirgeslandschaft ist, mit viel Bewaldung. Man würde eigentlich gar nicht erwarten, dass hier solch extreme Felsformationen entstanden sind."

Fir ze verstoen, wéi dës imposant Steenzeien entstane sinn, muss ee ganzer 200 bis 250 Millioune Joer zeréckgoen, erkläert d'Geologin Birgit Kausch. Deemools war nämlech alles anescht am Mëllerdall:

"Wir hätten uns nicht laufend fortbewegen, sondern wir hätten schwimmen müssen. Denn zu der Zeit war die Region von einem Meer bedeckt. Und in diesem Meer sind verschiedene Partikel abgelagert worden, je nachdem, was die Flüsse gerade ins Meer gespült haben - was eben ganz besonders ist mit dem Luxemburger Sandstein, sehr viele Sandpartikel. Diese Sandpartikel sind am Meeresboden abgelagert worden und zu Sandstein verfestigt. Wenn wir uns hier in der Region bewegen, sind wir eigentlich immer in und auf altem Meeresboden unterwegs."

Viru knapp zwou Millioune Joer hunn Flëss dann déi spektakulär Schluchten an Däller vum Mëllerdall geformt.

Wirtschaftlech an ekologesch wäertvoll

Déi besonnesch Geologie hat ëmmer och eng wirtschaftlech Dimensioun, wëll et schonn zanter de Réimer eng sëllege Steebréch an der Géigend gouf. Ma se spillt och eng ekologesch Roll: De Sandstee wierkt als natierlech Filteranlag a produzéiert proppert Drénkwaasser fir d'Leit aus der Regioun.

Deen Kallek, duerch deen de Sand deemools zu Fielse gouf, fënnt een am Kaffisbiz erëm, esou d'Geologin. De Visiteur géing hei d'Zäit ganz intensiv erliewen, mengt si, well een e bëssen zur Rou géif kommen a seng perséinlech Zäit méi entspaant géing wouerhuelen.

22 sougenannte Geositten erméiglechen et an d'Geschichte vun der Regioun an der Äerd fërmlech an ze dauchen, erkläert den Direkter vum Natur- a Geopark Mëllerdall Claude Petit:

"Do ginn et Salzquellen, beispillsweis an der Gemeng Rouspert-Mompech, zu Buer, dat ass och eppes wat ganz onbekannt ass. Dann natierlech ganz bekannte Saachen ewéi de Schéissendëmpel, wou e grousse Fielsstuerz war an eng pittoresk Bréck am 19. Joerhonnert driwwer gebaut ginn ass. Oder beispillsweis och d'Reschter vun der Eisenindustrie an der Gemeng Fëschbech, also wou d'Ufäng souzesoe vun der Lëtzebuerger Eisenindustrie och waren."

An all Joreszäit gëtt et eppes ze entdecken

De Geopark bitt deemno eng ganz Panoplie vun Theemen, bei deenen een ëmmer erëm eppes léieren an erliewe kann. Och d'Joreszäite spillen dobäi eng wichteg Roll, fënnt d'Geologin Birgit Kautsch:

"Jetzt im Frühling, wenn die Blätter an den Bäumen wachsen, hat es einen ganz anderen Eindruck als im Winter oder im Sommer. Wenn es im Sommer auf den Plateaus heiß ist, dann ist es häufig in den Tälern eben doch noch ein bisschen kühler und schön zum Wandern."

D'Kerstin aus dem Rheinland entdeckt grad mat sengem Mann e Stéck vum 112 Kilometer laange Mëllerdall-Trail, deen d'Auszeechnung als "Leading Quality Trails - Best of Europe" krut. Béid si faszinéiert vun der Fielslandschaft:

"Wenn man hier so zwischen durchgeht sieht es ja so ganz normal, ländlich aus. Und auf einmal taucht man dann ein in ein Felsental und kommt in ganz viele überraschende Ecken, entdeckt Schluchten. Jedes Mal erwartet einen etwas Neues wieder. Man klettert hier auf irgendwelche Vorsprünge hoch und hat eine Wahnsinnsaussicht."

Zesumme richteg feiere kann een den Unesco-Label vum 30. Mee bis de 5. Juni wärend der Woch vum Natur- a Geopark Mëllerdall. De komplette Programm vun den Aktivitéite gëtt et hei.