Déi Spendenaktioun vum Kass-Haff hätt och probéiert ze erklären, wou d'Problematik vun den eenzelne Betriber géif leien an an engems hätt se probéiert ze erklären, firwat et wichteg ass, datt d'Bio-Landwirtschaft weider ënnerstëtzt gëtt, mengt d'Daniela Noesen vu Bio-Lëtzebuerg.
D'Zilsetzung vun der Regierung ass nämlech kloer. 2025 soll de Bio-Ubau hei am Land bei 20 Prozent leien, bis 2050 ginn esouguer 100 Prozent Bio-Landwirtschaft viséiert. Mat aktuell eppes iwwer sechs Prozent zu Lëtzebuerg, hält den Tom Kass vum Kass-Haff dës Zilsetzung vun der Regierung awer fir onrealistesch, och wann een déi 100 Prozent Biolandwirtschaft dréngend bräicht.
Den Drock, fir an déi Richtung ze goen, géif an der Gesellschaft och ëmmer méi grouss ginn. Dem Tom Kass no wier et dofir besser, wann d'Landwirtschaft sech "fräiwëlleg" an déi Richtung géif entwéckelen.
Méi konsequent Schrëtt a Richtung Bio-Landwirtschaft
Wann een als politescht Zil hätt op 100 Prozent Biolandwirtschaft ze kommen, da misst anescht geduecht ginn, fënnt de Bio-Bauer Tom Kass. Bio misst eng Normalitéit oder op mannst e Choix fir de Konsument sinn.
"Wann ee gär méi Bio hätt, heescht dat, datt ee manner konventionell kann hunn. Et kann een net soe mir loossen déi konventionell Baueren, déi réiere mer net un, déi loosse mer esou schaffen a mir kréien dann awer 100 Prozent Bio hin, dat geet jo net."
D'Politik hätt an de leschte Jore gewisen, datt ee séier drastesch Mesurë kéint ergräifen. Am Beräich vun de Liewensmëttel wier et längst iwwerfälleg, datt vu politescher Säit méi staark géing reagéiert ginn, esou nach den Tom Kass vum Kass-Haff.