Konflikt Ukrainians in Luxembourg: Medienopmierksamkeet schaukelt Panik héich

Déi intensiv Medienopmierksamkeet fir d'Situatioun ronderëm d'Ukrain géif Panik provozéieren, mengt de President vun Ukrainians in Luxembourg. D'Ukrainer géife versichen e kille Kapp ze behalen, awer gläichzäiteg realistesch bleiwen.

Isabel Scott / cz

Ukrainesche Fändel
Foto: Bigstock / SB2010

D'Ukrain ass den Ausnamezoustand scho gewinnt, vu datt d'Land de facto schonn zënter 2014 am Krich mat Russland ass. Mee d'Developpementer an de leschte Méint op den Ukrainesche Grenze mat enger staarker russescher Militärpresenz wiere beonrouegend, esou den Nicolas Zharov. Et wéist een einfach net, wat am Kapp vum russesche President géif virgoen, seet hien.

D'Zivilbevëlkerung géif sech op verschidden Zenarie preparéieren, seet den Nicholas Zharov. Et ginn der déi d'Land verloosse wëllen, anerer bereede sech op de de worst case fir, eng militärescher Invasioun. D'Leit wiere generell net prett fir d'Land ze verloossen, mee vill Mënschen hätten och Angscht a géife Course matmaachen, an deene si léieren ze kämpfen an eng Stad ze verteidegen.

D'Ukrainer probéiere realistesch ze bleiwen

Westlech Länner hunn hiert diplomatescht Personal aus Kiew zeréckgezunn. De Geheimdéngscht aus den USA wëll esouguer wëssen, datt et muer um 16. Februar kéint zu enger russescher Invasioun kommen. D'Annonce vun deenen Datumer an d'Widderhuelunge vun de Medië géifen zu den Tensioune bäidroen.

Méi zum Thema

Ukrainesch Verdeedegung un der Grenz zu Russland
Russesch Truppepresenz

An der Ukrain geet d'Tensioun weider wéinst der massiver russescher Truppepresenz op der Grenz. Et fäert ee weider eng Incursioun oder esouguer eng Invasioun vun der Ukrain - bis elo bleift et awer roueg.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen