Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrainesch Flüchtlingen zu Hesper

Hesper

Ukrainesch Flüchtlingen zu Hesper

Nodeems d'lescht Joer wéinst dem Krich déi éischt Leit aus der Ukraine op Lëtzebuerg komm sinn, huet d'Gemeng Hesper séier reagéiert. Een Haus wat eigentlech hätt sollen ofgerappt ginn, gouf sou amenagéiert, fir dass Leit eraplënnere kennen. Deemools hun eng Fra an hier Duechter mat zwee Kanner do een Ënnerdag fonnt. Zanter deem huet sech awer och vill gedoen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


25 Leit aus der Ukrain hunn an dem leschte Joer schonn an dem Haus zu Hesper gewunnt, erkläert de Romain Juncker vun der Gemeng Hesper. Am Moment wunnen zwou Frae mat hire Kanner do.

D'Mamm vum Haus

An déi Fra, déi virun engem Joer als éischt erageplënnert ass. Deemools war d'Iwwerzeegung nach grouss, dass ee séier rëm zréck kéint goen. Ma haut huet se sech zu Lëtzebuerg awer agelieft. De Romain Juncker erkläert:

"Si betreit, mir hunn ënnen sou e klenge Buttek, wou d'Leit kenne Saache bréngen an Ukrainer kenne Saache siche kommen: Vun Iesswueren iwwer Décken. An si këmmert sech dorëm. Si ass sou bëssen d'Mamm vum Haus"

Et wier een eng grouss Famill, erkläert Tetiana Cherniakovsko, eng vun de Bewunnerinnen. Si kennt aus engem Duerf just viru Kyiv an ass viru bëssi manner wei engem Joer mat hiren zwee Kanner, ee Bouf an ee Meedchen, op Lëtzebuerg komm. Den Ufank war schwiereg ma eng Frëndin vun hier huet se du gefrot, op se net wéilt op Hesper kommen. Deemools huet se nach am Norde vum Land gewunnt.

Dankbarkeet

Do ware keng oder nëmme ganz wéineg Ukrainer. An jo, ech hu mech do alleng gefillt. Dofir war dat hei dei perfekt Geleeënheet, fir hei mat enger Frëndin ze liewen. Well mir hunn dat flott Haus, eng Crèche an eng Schoul. Mäi Bouf geet hei normal an d'Schoul.

Déi jonk Ukrainerin ass immens Dankbar, iwwert déi Geleeënheet, déi dës Situatioun virun allem och fir hier Kanner bitt. Se mussen hei net mat der Realitéit vum Krich konfrontéiert ginn a kennen normal an d'Schoul goen. Dofir huet si och entscheet, esou laang hei ze bleiwen, wei et ebe muss sinn.