Vill Leit hu sech gemellt Ukrainesch Flüchtlingen ophuelen: sech gutt drop virbereeden

Vill Privatleit hu sech gemellt fir ukrainesch Bierger bei sech doheem opzehuelen. Et wier wichteg, datt een dat gutt preparéiert, seet d'Nadine Conrardy vun der Croix Rouge. Virun allem soll een eng Kontaktpersoun hunn, bei där ee sech melle kann, wann et eventuell net esou klappt, wéi ee sech dat am Ufank virgestallt huet.

Marlène Clement / cbi

Nadine Conrardy
D'Nadine Conrardy schafft bei der Croix Rouge an organiséiert Visitte bei Leit, déi Flüchtlingen ophuele wëllen. Foto: Archiv

Lauschteren


Eng vun dëse Privatpersounen ass d'Laurence. Si huet sech den 8. Mäerz gemellt fir ukrainesch Flüchtlinge bei sech opzehuelen, bis haut huet si awer nach kee konkrete Retour kritt, zielt si.

Am Virfeld: Visitte bei de Leit doheem

Souwuel d'Caritas wéi och d'Croix Rouge schécke Vertrieder bei d'Leit heem fir ze kucken, ob verschidde Krittären erfëllt sinn, zielt d'Nadine Conrardy vun der Croix Rouge.

Et géif ënner anerem gekuckt ginn, ob d'Wunneng grouss genuch ass, an et géif och een Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot ginn.

D'Laurence fënnt et zwar gutt, datt d'Caritas an d'Croix Rouge bei d'Leit heem gi fir ze kucken, wou déi ukrainesch Familljen ënnerkommen.

An awer fënnt si et "zermürbend" fir ze waarden, ouni ze wëssen, wéini een "endlech hëllefe kann". Dat wier fir all déi Bedeelegt net schéin, seet d'Laurence.

Eng Kontaktpersoun, falls Problemer entstinn

D'Nadine Conrardy organiséiert bei der Croix Rouge dës Hausvisitte bei Familljen, déi eng Plaz proposéieren. Dat Zesummeliewe misst nämlech geplangt ginn, ënnersträicht si: déi zwou Säite misste preparéiert sinn, well et géif ee sech dat eventuell anescht virstellen, wéi et am Endeffekt ass.

"Et stellt ee sech et vläicht méi einfach vir. Et si Leit, déi aus engem Kontext kommen, dee ganz schwiereg ass", ënnersträicht d'Nadine Conrardy.

Et kéint sinn, datt déi Leit traumatiséiert sinn. Dofir wier et gutt sech dorobber virzebereeden an eng Kontaktpersoun ze hunn, bei där ee sech melle kann, sollten et Problemer ginn.

Eegeninitiative solle gutt iwwerluecht sinn

Wéi laang et dauert, bis Flüchtlinge kënne raplënneren, hänkt vu Fäll zu Fall of. An Tëschenzäit gi verschidde Leit Flüchtlingen op eege Fauscht sichen, sief et an eng Noutstruktur hei am Land, oder beispillsweis a Polen.

Esou Eegeninitiative sollen awer gutt iwwerluecht sinn, ënnersträicht d'Nadine Conrardy. Et hätt ee schonn d'Situatioun gehat, datt Leit op eege Fauscht Flüchtlinge bei sech doheem opgeholl hunn, mee dat wier net esou gelaf, wéi si sech dat virgestallt hunn. Dat wier eng schwiereg Situatioun gewiescht, an d'Flüchtlingen hätten doropshi missten an eng Hal goen.

Privatleit, déi op Eegeninitiativ ukrainesch Bierger bei sech opgeholl hunn kënne sech och nach nodréiglech bei der Caritas oder Croix Rouge fir de Suivi mellen, ergänzt d'Nadine Conrardy.

Zanter dem 24. Februar hu méi ewéi 3,6 Millioune Mënschen d'Ukrain verlooss - zum groussen Deel Fraen a Kanner. Ronn 3.600 Persounen hu sech um Immigratiounsbüro hei am Land fir eng Protection temporaire registréiert a knapp 1.400 Persoune sinn an de Strukture vum ONA ënnerbruecht.

Méi zum Thema

Claude Meisch
1.300 ukrainesch Kanner ukomm

Fir den Educatiounsministère ass et e groussen Defi, deene schoulflichtege Kanner aus der Ukrain eng adequat Bildung unzebidden. Lëtzebuerg hätt awer eng grouss Experienz dora fir auslännesche Schoulkanner eng Schouloffer ze ginn.

Hrywnja
Léisung gesicht

Den Ament ass et fir Ukrainer hei zu Lëtzebuerg net méiglech, Suen opzehiewen oder och nëmme mat Kaart ze bezuelen. D'Banken huelen nämlech hir Wärung, déi ukrainesch Hrywnja, net méi un.

Hond
Hausdéieren

Eng Rei Leit, déi aus der Ukrain geflücht sinn, hunn och hir Hausdéiere vun do mat op Lëtzebuerg bruecht. Dat stellt och d'Autoritéiten, déi sech hei am Land ëm den Accueil vun den ukraineschen Refugiée këmmen virun Erausfuerderungen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen