Konflikt D'Ukrain erwaart sech vun der EU e kloert Zeechen u Russland

D'EU-Ausseministeren hunn et de Moie begréisst, datt et zu weidere Gespréicher a verschiddene Formater mat der russescher Säit kënnt. Zu Bréissel sinn d'Chefdiplomaten aus de 27 EU-Länner haut zesummen, fir iwwert d'Situatioun ze beroden. Mat derbäi ass och den Dmytro Kuleba, de Ausseminister vun der Ukrain. D'EU misst direkt Sanktioune géint Russland huelen, sou seng Fuerderung.

Danièle Weber (Bréissel) / cz

Dmytro Kuleba, de Ausseminister vun der Ukrain
Foto: Europe by satellite video screenshot

Lauschteren

D'EU soll ee klore Message op Moskau schécken, datt d'Ukrain net eleng gelooss gëtt. Et géif een elo kloer Decisioun erwaarden, sou den Dmytro Kuleba. Et géif net nëmmen ëm politesch Messagë goen, mee och ëm spezifesch Aktiounen am Verteidegungssecteur. Et wier néideg fir verschidde Sanktiounen elo schonn ze imposéieren, sou den Dmytro Kuleba.

Déi däitsch Ausseministerin Annalena Bärbock huet Russland responsabel dofir gemaach, mat der Bevëlkerung an der Ukrain ze spillen. An de leschten 72 Stonne wier et zu villen Attacke komm, de Waffestëllstand wier dacks gebrach ginn. D'Liewe vun der Zivilpopulatioun wier a Gefor; och well plazeweis d'Waasser- an d'Stroumversuergung ënnerbrach wier, sou déi däitsch Ausseministerin.

Et gi sech fir haut keng konkret Decisiounen erwaart

Verschidde Vertrieder wéi de letteschen Ausseminister Edgar Rinkevics, si prett, schonn haut méi wäit ze goen. Hie géif sech elo direkt fir Sanktioune géint Russland asetzen, well Russland kloer fir dat responsabel ass, wat de Moment am Donbass geschitt.

Den EU-Chefdiplomat Josep Borrell betount op en Neist, datt d'EU prett ass. Hie wäert zum richtege Moment eng speziell Reunioun aberuffen a Sanktioune presentéieren, seet hien. Allerdéngs gëtt net domat gerechent, datt d'Ausseministeren haut konkret Decisiounen huelen.

Allgemeng, gouf begréisst, datt et zu weidere Gespréicher komme soll. All Format wier wichteg, sou den EU-Chefdiplomat Josep Borrell.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn net mat op der Reunioun zu Bréissel derbäi. Hien war e Freideg positiv op Corona getest ginn.

Méi zum Thema

Ukrain
Ukrain-Kris

An der Ukrain huet de President gëschter fir en "Dag vun der Eenheet" opgeruff. Dat war eng Reaktioun op déi vill Spekulatiounen, datt eng Invasioun vu Russland kéint op genee deem Dag gestart ginn.

Maidan
Ukrain-Kris

Russland huet annoncéiert een Deel vun den Zaldote vun der ukrainescher Grenz ofzezéien. D'Militärübunge ginn awer weider, an der Ukrain goufen et Cyberattacken op staatlech Banken a Websäite vun der Regierung.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen