Frankräich Ukrain: Déi franséisch Presidentschaftswale fannen e fréizäitegt Enn

An der russescher Militärinvasioun weist sech de franséische President Emmanuel Macron als staarken Alliéierte vun der Ukrain. Säin ukraineschen Homolog Wolodymyr Selenskyj huet hien de Samschden e "richtege Frënd" genannt. Sechs Woche virum éischte Waltour fir d'Presidentiellen ass déi lescht Deeg kloer ginn: De Krich vu Russland wierkt sech op d'Presidentschaftswalen a Frankräich aus.

Léonardo Kahn

Macron
Foto: picture alliance / ROPI Pignatelli / EUC

D'lescht Woch hu véier franséisch Presidentschaftskandidate misste feststellen, datt se mat hire geopolitesche Prognosen doniewent gegraff hunn. De Kommunist Fabien Roussel, de lénke Kandidat Jean-Luc Mélenchon, d'Populistin Marine Le Pen an de Riets-Extremist Éric Zemmour: Alle véier hate si virdrun e prorusseschen Discours gefouert an hunn net gemengt, datt de Wladimir Putin géif ugräifen.

Zënter der russescher Invasioun hu si zwar dem ukrainesche Vollek hir Ënnerstëtzung zougesot, mee dat ännert näischt un hirer Verherrlechung vun der Autokratie virun der Invasioun. Aktuell kommen déi véier Kandidaten op insgesamt 47 Prozent vun de Walintentiounen.

D'Marine Le Pen evitéiert de Sujet Putin, souwäit et geet

Traditionell huet d'Extrême-Droite e Faibel fir Autokrate wéi de russesche President Wladimir Putin. Den Éric Zemmour mécht sech staark géint déi Schwaach am eegene Land, also d'Migranten, a weist sech schwaach géint déi Staark am Ausland, sief et e Victor Orban an eben e Wladimir Putin. Véier Deeg virun der Invasioun huet hien nach houfreg gemengt, Russland géif net ugräifen. Frankräich misst just besser mam Wladimir Putin verhandelen.

D'Marine Le Pen evitéiert de Sujet esou wäit et geet. An hirer Walcampagne am Joer 2007 huet nach de russesche Staats-Chef d'Kandidatin vum deemolege Front National am Kreml accueilléiert.

Och de Jean-Luc Mélenchon mécht keng gutt Figur

De pro-russeschen Discours vum Jean-Luc Mélenchon ass anescht. De Kandidat vun der France Insoumise seet vu sech selwer, datt hien dem Wladimir Putin säi gréisste politesche Géigner wier. Mee säi blannen Anti-Amerikanismus a seng EU-Skepsis féieren hien dozou, Russland an dubiéise Situatiounen ze verdeedegen. Zum Beispill wéi de syreschen Diktator Bashar al-Assad mat Hëllef vun de Russen d'Rebelle mat chemesche Waffen ugegraff huet, ass de Jean-Luc Mélenchon dovun ausgaangen, datt den Ugrëff vun Europa an den USA instrumentaliséiert ginn ass, fir an der Regioun militäresch ze intervenéieren.

Dem Macron seng Gewënnchancë vergréissere sech

Seng Rhetorik bleift haut änlech. De facto ass hien nämlech dogéint, datt d'Ukrain gehollef kritt. De Weekend huet hie getweet, datt de Krich an der Ukrain keng Excuse fir e Wettrëschten an Europa soll sinn. Anerersäits opposéiert sech de lénke Kandidat géint Sanktiounen, déi him no näischt bréngen.

Duerch de Krich an der Ukrain verléieren dem Emmanuel Macron seng Haaptkonkurrenten u Kredibilitéit. Si hunn dorops gepokert, datt et net zu engem Ugrëff kennt, a par conséquence eelzt hiren Anti-Nato-Discours schlecht. Dem President Macron seng Gewënnchancë bei de Presidentschaftswale vergréissere sech doduerch, ouni datt hie sech offiziell als Kandidat presentéiere muss an ouni datt säi Bilan vun de leschte fënnef Joer iwwerhaapt e grousse Sujet gëtt.

An der Mediathéik:

Commentaire / / Léonardo Kahn
Lauschteren

Méi zum Thema

Emmanuel Macron
Ukrain-Kris

De franséische President huet Kiew verlooss, ouni en Accord ze fannen am Sträit em d'Ukrain. Mee de Wladimir Putin soll dem Macron gesot hunn, datt hien d'Kris net weider eskaléiere wäert.

Emmaunel Macron
Ukrain-Kris

Bei senger Visitt zu Moskau gouf et fir den Emmanuel Macron keen diplomateschen Duerchbroch. Hie reest elo op Kiew, mam Versprieche vum russesche President, datt weider Gespréicher mam Weste méiglech sinn.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen