D'Ukrain hätt vill erreecht, mee wichteg Aarbecht géif ze maache bleiwen, huet d'Ursula von der Leyen däitlech gemaach. Der EU-Kommissioun no wiere bei der Ukrain a Moldau weider Fortschrëtter am Bäitrëttsprozess u konkret Konditioune geknäppt.
Den europäeschen Dram liewe kënnen
Mat Bléck op de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain huet d'EU-Kommissiounspresidentin gesot, d'Ukrainer wiere prett fir déi europäesch Perspektiv ze stierwen. Hir Äntwert dorop ass kloer:
"Mir wëllen, datt d'Ukrainer mat eis den europäeschen Dram kënne liewen."
D'Republik Moldau mat hiren 2,6 Milliounen Awunner soll, der EU-Kommissioun no, och de Status vun engem Bäitrëttskandidat kréien. D'Land wier um gudde Wee fir Reformen a géint Korruptioun.
Weider Diskussiounen nächst Woch
D'EU-Staats- a Regierungscheffe sollen Enn vun der nächster Woch iwwert d'Recommandatioune vun der Kommissioun diskutéieren. Portugal an Holland z.B. sinn der Meenung, datt et ze fréi fir de Kandidatestatus wier.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sot, hie géif op e positiivt Resultat um Sommet hoffen.
Georgien - dat och EU-Member wëllt ginn - soll der EU-Kommissioun no fir d'éischt eng Rei Konditiounen erfëllen, éier et de Status vun engem EU-Bäitrëttskandidat ka kréien.