Radioen

On air

De Moien  |  Défendre la patrie, dans un pays devenu la base arrière de l'Ukraine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ugrëff op d'Ukrain - mir solle méi wéi betraff sinn

Fräie Mikro

Ugrëff op d'Ukrain - mir solle méi wéi betraff sinn

Dem Wladimir Putin seng Attack op d'Ukrain soll eis net nëmme betraff maachen, mee all Bierger dozou beweegen, méi genee ze kucken, wéi eng Konsequenzen d'Politik vun eisem Land no bannen a baussen huet, mengt de Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

Foto: Archiv

Zënter déi russesch Arméi de leschten Donneschdeg d'Ukrain attackéiert an domat engem souveräne Staat matten an Europa d'Existenzrecht ofgeschwat huet, sinn déi meescht vun eis betraff an drécken hiert Matgefill aus. D'Solidaritéit mat den Affer vun dësem perfiden Ugrëff gëtt op de sozialen Netzwierker mat blo-giele Fändelen oder Friddensdauwen ausgedréckt, ëffentlech Gebaier ginn an den Nationalfaarwe vun der Ukrain beliicht an a ganz Europa sinn dëse Weekend dausende Leit op d'Strooss gaange fir en Enn vum Putin sengem Krich ze verlaangen.

Et ass wichteg duerch dës symbolesch Gesten dem Agressor a sengen Affer ze weisen, op wéi enger Säit ee steet. An dach musse mir eis all froen, ob et duer geet säi Profilbild ze änneren, Sonneblummen ze posten oder fir de Fridden op d'Strooss ze goen.

Well dat wat eng dräi Fluchstonne vu Lëtzebuerg ewech grad geschitt, wäert Konsequenzen hunn déi wäit iwwert d'Grenze vun der Ukrain eraus ginn an eis muss zum Ëmdenke beweegen.

Als éischt wäert et eis am Portmonni treffen, wann de Gaskrunn an de Suitte vun de Sanktioune vun der russescher Säit zou gedréint gëtt oder einfach well all Krich eng Hausse vun de Matières premières mat sech bréngt.

Déi Lëtzebuerger Politik huet déi russesch Regierung mat oppenen Äerm empfaangen

An dat ass och eng Konsequenz vun der Energiepolitik vun de leschte Joerzéngten. Dem Energieminister Turmes no bezéie mir 27 Prozent vun eisem Gas aus Russland. Wärend de Krich weider geet, fléisst och de Gas weider an dat mat Sécherheet net gratis. Si mir all bereet fir méi ze bezuelen am Kader vun dem Effort oder fänke mer schnell u mat jäizen, wann d'Präisser sou wäit klammen, datt mir eise Liewensstil mussen änneren?

Och d'Wirtschaftspolitik vun eisem Land verdéngt vun eis all méi Opmierksamkeet Geld aus Russland war joerzéngtelaang wëllkomm. Déi Lëtzebuerger Politik huet déi russesch Regierung mat oppenen Äerm empfaangen an d'Wirtschafts- a Finanzelitt vun eisem Land ass a Russland gefuer fir Reklamm fir eis ze maachen.

Si mir prett fir eise Wuelstand mat Autokraten zesummen ze schaffen?

Russland ass bäi wäitem net dat eenzegt Land mat schlechtem Leumund mat dem mir gären a vill Geschäfter maachen. Do sinn zum Beispill déi Vereenegt Arabesch Emirater déi am Yemen an en vëlkerrechtswiddrege Krich verstréckt sinn. Dat hält eis Regierung net dovunner of mat groussem Pomp op d'Weltausstellung op Dubai ze goen oder den Ierfgroussherzog mat enger Wirtschaftsmissioun am Tross op d'Sich no Investissementer aus der Regioun.

Dann hu mir nach net vu China geschwat. E Land, dem e Genozid un der uigurescher Minoritéit virgeworf gëtt a wat mat Sécherheet ganz genau kuckt, wéi dat ukrainescht Abenteuer fir de Putin ausgeet, mat Taiwan am Hannerkapp.

Geld sténkt net sote schonn déi al Réimer. Mee si mir bereet eise Wuelstand och vun Autokraten a Krichsverbriecher finanzéieren ze loossen? Dëser Fro kënne mir net méi mat e puer Spenden a symbolesche Solidaritéitsaktiounen aus de Féiss goen.

Si mir prett fir fir eng europäesch Arméi anzetrieden?

Och um Niveau vun der Verteidegung vun eisem Land ass et Zäit méi genau nozefroen. Mir Lëtzebuerger maache gär Witzer iwwert eis Arméi a vill reege sech der op, iwwert d'Plaz déi d'Verteidegung am Staatsbudget anhëlt.

Wéi wäertvoll et ass Member an engem Verteidegungsbündnis wéi der NATO ze sinn, weist dem Putin seng Attack op déi brutaalsten Aart a Weis.

Mee doriwwer eraus, wéi vill si mir bereet doranner ze investéieren an akzeptéiere mir weider, datt d'Verteidegung vun Europa och 75 Joer nom Enn vum zweete Weltkrich op de Schëllere vun den Amerikaner läit ?

Oder si mir endlech prett eng europäesch Arméi op d'Been ze stellen an esou och en Deel vun nationaler Souveränitéit un dat "béist Bréissel" ofzeginn ?

All dëse Froe musse mir als Bierger eis stellen a mir mussen eis Regierung a Parlamentarier opfuerderen, se oppe mat eis ze diskutéieren. Well Politik ass méi wéi all fënnef Joer e Kräiz hannert deenen ze maachen, déi am meeschte Kaddoe verspriechen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.