Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uerschterhaff: Plaz fir 400 Prisonéier an Untersuchungshaft

Prisong

Uerschterhaff: Plaz fir 400 Prisonéier an Untersuchungshaft

Den neie Prisong zu Suessem ass op, e gouf vum Grand-Duc Henri ageweit. Um Uerschterhaff - sou nennt sech de Site - ass Plaz fir 400 Prevenuen, also Prisonéier an Untersuchungshaft, déi nach op hire Prozess waarden. Et wäerte just Männer dohinner kommen.

auto_stories

5 min

Lauschterenplay_arrow


Doduerch gi Capacitéiten zu Schraasseg fräi, an dat hëlleft der Ambitioun vun engem mënschleche Strofvollzuch an den elo dräi Lëtzebuerger Centres pénitentiairë besser gerecht ze ginn.

Zu Giwenech stéing den Detenu am Mëttelpunkt vun engem humane Strofvollzuch, wéi d'Gesetz vun 2018 dat wollt erreechen, sot dozou d'Justizministesch Sam Tanson bei der Inauguratioun.

"Mat deem neie Prisong hei um Uerschterhaff erreeche mer elo, datt och fir d'Détention préventive dat méiglech gëtt. Duerch déi Capacitéit, déi am CPL fräi gëtt, kënne mir Schraasseg weider humaniséieren. Mir mussen de Prisong och als eng Schoul fir d'Liewen duerno gesinn."

Wann den Transfert vun de Prevenuen op Suessem bis ofgeschloss ass, gëtt Plaz zu Schraasseg fräi.

Dat wäert et net just erlaben, do no 40 Joer eng Rei néideg Aarbechten ze maachen, mee dat hätt och aner Avantagen: et wier eng besser Prise en charge méiglech, well bei de Prevenuen d'Onscholdsvermuddung gëllt.

Kritik um Prisongsbau

Bei Geleeënheet vun der Inauguratioun war de Mëtteg eng Protestaktioun, bei där d'Noutwendegkeet vun deem Bau a Fro gestallt ginn ass. Wat ee méi baut, wat ee méi fëllt, soen d'Kritiker.

Si fäerten also, datt déi nei Prisongscapacitéiten dozou wäerte féieren, datt méi Leit agespaart ginn. Dobäi géifen et Alternativen zu klassesche Strofvollzuch ginn.

De Christian Rischartz vun der Associatioun "Eran, eraus - an elo?" - déi sech fir d'Rechter vu Prisonéier asetzt - versteet net, firwat déi Alternativen net méi genotzt ginn:

"Dat ass déi Volontéit vun de Politiker fir Prisongen ze bauen - de gauche aus (apparemment) humanitäre Grënn, de droite fir eng Sécherheetspolitik duerchzesetzen. An dat ass eppes wat erstaunlech ass, an dësem Kontext: déi Loscht vun de Politiker fir Prisongen ze bauen, déi versti mir net."

De Christian Rischartz ass verwonnert, wéi wéineg kontrovers de Sujet diskutéiert gouf, wéi en 2014 an der Chamber zum Vott stoung:

"Déi Zäit ass et ganz wéineg Protest dogéint ginn. Wat erstaunlech war ass, dass och 58 vu 60 Deputéierten dee Prisong hei duerchgewénkt hunn, comme une Lettre à la poste. Aus der Vue vun haut mécht dat mer scho bal Angscht, datt do net awer deen een oder anere gesot huet: Komm mer waarden emol op dat Gesetz vun 2018, dat den Här Biltgen schonn 2012 als Projet de loi eragereecht hat, komm mir waarden emol, datt d'Effete vun deem Gesetz kommen, notamment d'Foussfessel, an da kucke mir, ob mer nach e Prisong brauchen."

Offer an Demande vum Prisong

D'Associatioun fäert, datt d'Offer d'Demande kreéiert, also datt den neie Prisong mat méi grousse Capacitéiten dozou féiert, datt méi Leit an de Prisong kommen.

Si beruffe sech dobäi ënner anerem op eng Ausso vun der franséischer Contrôleuse générale des lieux privatifs de liberté Adeline Hazan, déi gesot huet: "plus on en construit, plus on les remplit."

Och hei zu Lëtzebuerg gëtt et esou eng extern Kontroll vu Plazen, wou een a senger Fräiheet ageschränkt ass. Zoustänneg dofir ass d'Ombudsman Claudia Monti. Si wäert sech d'Situatioun am Prisong op alle Fall am A behalen, seet si:

"Op jiddwer Fall. Ech kann natierlech näischt maachen, d'Riichter si fräi, hir Decisiounen ze huelen. Déi hunn ech och net ze kritiséieren. Mee et wier natierlech eppes, wat negativ géif opfalen, wann dat de Fall wier."

Gemeng Suessem: "Kee Pakt mam Däiwel"

2005 sinn éischt Iwwerleeunge geféiert ginn, fir en neie Prisong ze bauen. Wéi no engem Site fir dee Prisong gesicht ginn ass, wier den Undrang net grouss gewiescht, sot de Bauteminister François Bausch op der Inauguratioun, net just vun him war et dofir e Merci un d'Gemeng Suessem.


De Maurice Molitor war bei der Inauguratioun um Uerschterhaff derbäi. Am Gespréich mam Simon Larosche erzielt hie seng Andréck:

Lauschterenplay_arrow


D'Buergermeeschtesch vun do Simone Asselborn-Bintz huet net verheemlecht, datt et Ufanks awer och an hirer Gemeng Widderstänn géint de Projet gouf - vu lokale Politiker a vun enger Biergerinitiativ. Si huet awer och zouginn, dass Suessem um Enn keng schlecht Affär gemaach hätt:

"Et war sécher kee Pakt mam Däiwel. An awer géif ech behaapten, datt mir als Gemeng Suessem net schlecht ewech komm sinn. Esou huet eisen Accord fir de Prisong d'Realisatioun vun aneren ambitiéise Gemengeprojeten, wéi z.B. dem Ausbau vum KUSS (Kultur- a Sportzentrum Soleuvre) um Scheierhaff mam Concertssall Artikuss oder och de Kannercampus um Belval an och dat neit CGDIS-Gebai e gutt Stéck méi einfach gemaach resp. eis och d'Méiglechkeet gi fir bei dëse Projeten e bësse méi grouss ze gesinn oder och méi an den Detail ze goen."

Käschten an Delaie sinn net explodéiert

Vun deem Moment un, wou d'Gemeng Suessem d'accord war, hätt et am Fong net méi esou laang gedauert, bis de Prisong stoung, seet de Bauteminister François Bausch:

"Wann ee kuckt, 2011 sinn d'Etüde lass gaangen, elo si mer 2022 an elo ass et fäerdeg. Also et ass awer nach relativ gutt gaange fannen ech - trotz Covid an anere Schwieregkeeten, déi mer haten."

Och trotz der Komplexitéit vun engem speziellen a spezifesche Projet, deen och permanent Sécherheetskontrolle scho wärend der Chantiersphas néideg gemaach hätt. D'Delaie wieren also net ausgeufert, fënnt de Minister, dee sech och driwwer freet, datt d'Käschten net explodéiert, mee mat 171,5 Milliounen Euro an der Limite vun deem bliwwe sinn, wat d'Chamber autoriséiert hat.