Duerch d'Inflatioun géif alles méi deier ginn, mee déi Haussë kéinten net ganz an de Verkafspräis vun den Entreprisen iwwerholl ginn, seet de President vun der UEL de Michel Reckinger. D'Situatioun wier den Ament ugespaant.
Hie rechent domat, datt sech d'Situatioun Enn 2022 an och d'nächst Joer wäert verschäerfen.
"D'Zënse ginn erop, Fraise gi méi deier, Menagen a Betriber wäerte manner investéieren. Dat spieren d'Banken, well manner Prêten eraus ginn. All Betriber, Artisanat a Commerce mierken datt manner investéiert gëtt."
D'Patronat rechent mat enger Rezessioun d'nächst Joer
2023 wärt et dem Michel Reckinger no e staarke Risk fir eng Rezessioun ginn. Dobäi komme Prognose vum Statec déi eng weider Indextranche fir d'Enn vun dësem Joer virausgesinn - e gutt Stéck éischter also wéi nach viru fënnef Méint gemengt, wéi d'Sozialpartner sech iwwert d'Verréckele vun Indextranchen eens gi waren.
De Michel Reckinger insistéiert, datt een an der leschter Tripartite een Accord fonnt hätt, fir dëst an d'nächst Joer just nach maximal eng Indextranche pro Joer auszebezuelen an et hätt sech zënter der leschter Tripartite och näischt Fundamentales geännert.
Premier féiert dës Woch eenzel Gespréicher mat de Sozialpartner
De Premier Xavier Bettel hat virum Weekend annoncéiert, datt hien d'Gewerkschaften an d'Patronat dës Woch eenzel gesäit fir ze lauschtere wéi si déi aktuell Situatioun gesinn. D'Inflatioun louch am Juli bei 6,8 Prozent par Rapport zum selwechte Mount d'lescht Joer.