Radioen

On air

Notturno  |  Michael Nau - Scumways

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'UEL fuerdert eng steierfräi Primm Logement/Mobilitéit fir Jonker

Patronatsdaachverband

D'UEL fuerdert eng steierfräi Primm Logement/Mobilitéit fir Jonker

Grad wéi virun de Chamberwalen 2018 warnt de Patronatsdaachverband UEL elo op een neits viru strukturelle Problemer am Beräich Sécurité Sociale respektiv Pensiounen. Eng weider grouss Erausfuerderung wier et, nei Mataarbechter an nei Entreprisen op Lëtzebuerg unzezéien a Beschäftegter a Betriber hei am Land ze halen, esou déi Responsabel gutt dräi Méint virun de Chamberwalen 2023.



auto_stories

2 min

Konkret verlaangt d'UEL dofir zum Beispill ee prinzipiellt Erlabe vun der Sonndesaarbecht, esou den UEL-President Michel Reckinger. Dobäi kënnt och een Unhiewe vum effektive Rentenantrëttsalter.

"Mir gesinn awer, datt den effektiven Antrëttsalter ongeféier bei 61 Joer ass. Zu Lëtzebuerg ginn d'Leit einfach vill ze vill fréi an d'Pensioun. Do ginn et Méiglechkeete fir éischter ze goen an do muss een einfach kucken, datt mir deen Alter vun de Renten a Richtung vun deene 65 Joer, déi legal sinn - si mussen deen net änneren - fir dohinner mol ze kommen."

Lëtzebuerg hätt deen déifsten Taux a ganz Europa vun iwwer 50 Järegen, déi nach schaffen, erkläert de Michel Reckinger. Den Taux misst erhéijt ginn, well soss all déi Leit um Aarbechtsmaart feelen.

Lëtzebuerg méi attraktiv fir Jonker maachen

Zwee Deeg Télétravail pro Woch missten d'Norm ginn, esou den UEL-President Michel Reckinger.

Dobäi kënnt d'Aféierung vun enger steierfräier Primm Logement a Mobilitéit fir jonk Beschäftegter hei am Land. Eng weider Mesure, déi UEL fuerdert, erkläert den UEL-Direkter Jean-Paul Olinger.

"Mir stelle fest, datt et notamment fir d'Celibatairen, déi jonk Leit, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, relativ schwiereg ass, de Logement ass héich, d'Paie sinn normalerweis an deem Alter nach e bësse méi déif. Da si ganz vill vun deene Jonken an enger Steierklass 1. Do ass eng Propos, eng Primm Logement/Mobilitéit, déi ee Jonke kéint ginn, oder wou ee seet, wann Employeuren hire Mataarbechter eng Primm ginn, datt déi Primm soll steierfräi sinn."

Esou eng Mesure géif Lëtzebuerg méi attraktiv maache fir Jonker aus dem noen a méi wäiten Ausland unzezéien, seet den Direkter vun der UEL. Wéi héich dës proposéiert Primm fir Leit bis 30 oder 35 Joer misst sinn, huet de Patronatsverband net ausgerechent.

Beschäftegter a Betriber am Land halen

Eng weider grouss Erausfuerderung wier et, nei Mataarbechter an nei Entreprisen op Lëtzebuerg unzezéien a Beschäftegter a Betriber hei am Land ze halen, esou déi Responsabel gutt dräi Méint virun de Chamberwalen 2023.

Fir all hir Mesurë fir d'Chamberwalen ze presentéieren, hat d'Unioun vun den Entreprisë schonn Enn 2022 an Ufank 2023 Entrevuë mat deene meeschte Parteien.