D'Riichter hunn do d'Urteel aus éischter Instanz confirméiert, nämlech de Fräisproch fir deen Ugekloten. Dat krute mir vum Pressespriecher vun der Justiz Henri Eippers matgedeelt.
De jonke Museker war vum Fred Keup, Joe Thein an enger drëtter Persoun viru Geriicht geholl ginn, wéinst Aussoen a sengem Lidd "Féck Lëtzebuerg", duerch déi si sech perséinlech ugegraff gefillt haten.