D'Gewerkschafte fuerderen däitlech steierlech Entlaaschtunge wéinst der héijer Inflatioun. De Steierbarème gouf zënter iwwer fënnef Joer net méi un d'Präisdeierecht ugepasst. Doduerch bezuelen d'Stéit haut däitlech méi Steiere wéi 2017, dat heescht de Staat kritt och méi Steierrecetten.
Déi blo-rout-gréng Koalitioun hat de leschten Hierscht annoncéiert, datt se am Fréijoer bereet wier iwwer Steierreduktiounen ze schwätzen, wa genuch finanzielle Spillraum do wier. D'Finanzministesch Yuriko Backes huet viru Kuerzem kloer gemaach, datt déi Konditioun erfëllt wier. Si huet eng Enveloppe vu 500 Milliounen Euro genannt, déi een de Steierzueler kéint zréck ginn.
Héijen Drock vun de Gewerkschaften
A wéi enger Form wollt d'Regierung eigentlech eleng klären, net an der Tripartite. Dofir stinn d'Steierreduktiounen och net um Ordre du jour. D'Gewerkschaften hunn an de leschten Deeg awer kloer gemaach, datt déi Diskussioun fir si en zentrale Punkt ass. OGBL, LCGB a CGFP gi sech och net mat punktuelle Steierkreditter zefridden, mee si fuerderen eng komplett Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun - eppes, wat bei der aktueller Inflatioun awer méi wéi déi 500 Millioune kascht géif, déi d'Finanzministesch als Enveloppe genannt huet.
Regierung ass wuel prett fir iwwer Steieren ze schwätzen
Eisen Informatiounen no, déi sech mat deene vun anere Medien decken, ass d'Koalitioun sech mëttlerweil eens, sech op déi Diskussioun anzeloossen. Et ginn awer och Iddië fir méi spezifesch Entlaaschtungen, sief et fir méi niddereg Revenuen oder fir Leit, déi ënnert den ëmmer méi héije Scholdzënsen op Immobilië leiden.
Déi aner oppe Fro ass, vu wéini un déi Steierreduktioune gëlle kéinten. Eng Optioun ass, fir am Laf vun dësem Joer schonn iwwer Steierkreditter ze fueren, an op den éischte Januar 2024 eng Upassung vum Steierbarème ze maachen. Oder de Barème retroaktiv unzepassen, wann dat technesch méiglech ass.
D'Tripartiteverhandlunge sinn offiziell just fir haut ugesat. Wann néideg, kéint et awer och de Weekend virugoen. Um Enn vun de Gespréicher haut soll eng Pressekonferenz sinn.