D'Regierung hat um Dënschdeg ugekënnegt, datt an der Tripartite e Phasing Out vun de Mesurë géint d'Inflatioun soll ënnersicht ginn. Donieft wéilt si d'Modalitéite vun der Kompensatioun vun der warscheinlecher Indextranche vun Enn 2023 mat de Sozialpartner diskutéieren.
OGBL wëllt keng Manipulatioun vum Index zouloossen
"Mir hu schonn déi lescht Indextranche selwer bezuelt, wärend aacht Méint Kaddoe gemaach, un alleguerten d'Entreprisen zu Lëtzebuerg, flächendeckend a mat der Géisskan", ënnersträicht d'Presidentin vum OGBL. D'Nora Back widderhëlt och, datt hir Gewerkschaft keng Manipulatioun vum Index wéilt zouloossen.
Wat déi drëtt Indextranche ubelaangt, sollt d'Regierung déi Kéier deene Betriber cibléiert hëllefen dës Tranche auszebzuelen, déi soss wierklech a Schwieregkeete gerode géifen.
Kompensatioun vun der Indextranche
Den Direkter vum Patronatsverband UEL warnt an deem Kontext vun engem méiglechen "Inflatiounsschock".
"Wann déi Hëllefen, déi momentan en Place sinn an och déi Elementer par Rapport zu der TVA elo Enn vun dësem Joer auslafen, da féiert dat natierlech zu engem mechanesche Präis-Ustieg Ufank d'nächst Joer an dat kéint natierlech zum Inflatiounsschock féieren, deen de STATEC ugeschwat huet.
Déi nächst Tripartite misst Mesuren decidéieren, déi dës negativ Effekter absorbeieren, esou de Jean-Paul Olinger.
Den UEL-Direkter rechent domat, datt d'Regierung zäitno confirméiert wéini déi nächst Tripartite-Ronn wäert zesumme kommen. Der OGBL-Presidentin Nora Back no géif et nach kee festen Termin ginn: et hätt een awer matgedeelt kritt, datt d'Tripartite an der zweeter Hallschent Mäerz soll zesumme kommen.