De Michel Reckinger begréisst, datt dëst an d'nächst Joer all Kéier just eng Indextranche soll ausbezuelt ginn. Doduerch kéinten d'Betriber besser plange wéi vill Sue si an den nächsten zwee Joer brauche fir d'Léin ze bezuelen.
Dat wier virun allem fir auslännesch Betriber a fir d'Finanzplaz wichteg "well dat ass awer de Moteur vun eiser ganzer Ekonomie. Datt mer déi hei um Lafen halen", sou de Michel Reckinger.
"Mir hunn ee Signal bruecht fir déi auslännesch Betriber. Datt wa si hir Budgete maache fir 2022, 2023, 2024 - datt se dann eng Previsibilitéit hunn, wat d'Masse salariale ubelaangt."
Ob den Tripartite-Accord effektiv zu stane kënnt, géif elo just nach dovun ofhänken, ob en och an de Gremie vun de Gewerkschaften ofgeseent gëtt, esou den UEL-President. Hie ka sech awer net virstellen, datt ee vun de Verhandlungspartner dat wat bannent 20 Stonnen ausgehandelt gouf, nach ofleent.