Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bad Bunny - DtMF

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Traureg Rekorder an ee Liichtbléck

Europäesche Klima-Rapport

Traureg Rekorder an ee Liichtbléck

D'lescht Joer war dee wäermste Summer, dee jee an Europa gemooss ginn ass. Dat geet aus dem neien europäesche Klima-Rapport vun der Welt-Meteo-Organisatioun ervir, deen zu Dublin presentéiert ginn ass. Weider heescht et am Rapport, datt et fir verschidde Länner an Europa - dorënner Lëtzebuerg - dat wäermste Joer zanter den Opzeechnunge war. Wat bedeit dat an op wat musse mir eis fir d'Zukunft astellen?

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wéi et am Rapport heescht war et fir eng Partie Länner an Europa net nëmmen dat wäermst, mee och dat dréchenst Joer. Dozou den Andrew Ferrone, Co-Auteur vum europäesche Klima-Rapport vun der WMO a Chef vum Wieder-Déngscht bei der ASTA.

"Wat wierklech een Impakt hat, esouwuel op d'Landwirtschaft, ewéi op d'Energieproduktioun, wou et zu Problemer och bei de Flëss komm ass, déi zum Deel ausgedréchent sinn. A bei der Energieproduktioun ass et esou, datt dann och oft kee Kill-Waasser méi do war, och well d'Temperature vun de Flëss héich waren an ze wéineg Waasser do war."

En neien traurege Rekord gouf och bei den europäesche Gletscher opgestallt. Déi wieren esou vill zréckgaangen ewéi nach ni an engem Joer. Dat wéinst ze wéineg Schnéi am Wanter an extrem héijen Temperaturen am Summer. Zousätzlech wier Sahara-Stëbs op d'Gletscher gefall. Deen hätt d'Schmëlze beschleunegt, erkläert de Klimatolog a Meteorolog Andrew Ferrone.

Extrem-Nidderschléi a Liichtblécker

Aussergewéinlech héich Temperature wieren d'lescht Joer och am Nord-Atlantik gemooss ginn.

"Dat féiert dozou, datt et och zu méi Extrem-Nidderschléi kënn, well ebe méi Waasserdamp an der Loft ass an och méi Energie an der Loft ass. A wann déi dann erofkënnt, ass dat oft a Form vu Staark-Nidderschléi, wat dann natierlech zu "Sturzfluten" féiere kann."

Fir e klenge Liichtbléck suergt awer dëse Constat am europäesche Klima-Rapport vun der WMO.

"De Rapport hält fest, datt 2022 an der EU déi éischte Kéier méi Elektresch aus erneierbar Energien, also aus Fotovoltaik - a Wandenergie, hiergestallt ginn ass, wéi aus fossillem Gas. Fir genau ze sinn 22,3 Prozent aus erneierbar Energien an 20 Prozent aus fossillem Gas."

D'EU hätt sech iwwerdeems engagéiert dësen Niveau bis 2030 op mindestens 40,5 Prozent eropzesetzen, also quasi ze verduebelen.