Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trauer an Angscht zu Lwiw

Krich an der Ukrain

Trauer an Angscht zu Lwiw

Et ass keen Enn vum Krich an der Ukrain a Siicht. Trotz diplomatesche Verhandlunge per Video tëscht Delegatiounen aus Kiew a Moskau, ginn déi russesch Attacke weider, op Stied wéi Mariupol a Charkiw, mee och op d'Viruerter vun der Haaptstad. De Krich ass och zënter e puer Deeg am Weste vum Land ukomm, mat russesche Rakéiten-Ugrëff op Militärziler an dräi westleche Stied. Eng vun deene Stied ass Lwiw, eng Plaz déi weiderhin als sécher gëllt, mee wou de relative Fridde séier kéint vu russeschen Ugrëff op en Enn bruecht ginn.

auto_stories

4 min

Am Stadzentrum vu Lwiw ass eng Mass fir véier Zaldoten déi e Sonndeg gestuerwe sinn, net wäit vun hei. Déi Nuecht si 35 Leit an engem russesche Rakéitenugrëff op eng ukrainesch Militärbasis ëmbruecht ginn.

Eng Mamm leit besonnesch. Et ass schonn hiren zweete Jong deen an dësem Krich gestuerwen ass.

D'Kierch ass voll, mat Zaldoten a Familljememberen, véier Särg stinn niewenteneen. Vu bannen héiert een och dat heiten: D'Sireen déi viru méigleche Loftugrëffer warnt erënnert nach eng Kéier jiddwereen drun, datt dëse Krich zu all Moment de ganz relative Fridden och hei am Weste vun der Ukrain kann op den Enn bréngen.

D'Mënschen an der Kierch zu Lviv traueren.

Eng ganz aner Musek e puer Deeg virdrun, ëm den Eck vun der Kierch an deem ville Kräischen ëm déi dout Zaldoten am dräi Wochen ale Krich.

"Ech si vu Lwiw, ech wunnen hei, an ech sinn ee vun aacht Sänger am Männer-Ensembel deen Orpheus heescht. Mir sange schonn 20 Joer laang zesummen. Mir aacht Männer haten esou vill Reesen an Tournéeën an Europa."

Dat ass elo eriwwer fir de Lyubomyr Konchakivskyy. De Flughafen ass zou, Reese gëtt et keng méi, ausser déi vun de Flüchtlinge fort vun hei, oder den Zaldoten déi an déi aner Richtung fueren.

De Lyubomyr Konchakivskyy ass Sänger an engem Chouer.

D'Nationalhymn gëtt Kraaft

"Mir sinn an enger schrecklecher Zäit. Zënter zwou Wochen sti mir ënner Schock, mee mir sinn och prett eis ze verdeedegen, staark ze dinn, an Unitéit ze weisen, méi wéi virdrun."

An d'Nationalhymn hëlleft do. D'Land weist effektiv eng ganz nei Solidaritéit, de Wladimir Putin huet dem Land e ganz neien Nationalstolz ginn.

De Refrain mat deem sech d'Leit elo an der Strooss gréissen ass deen heiten: "Slava Ukraini" - vive d'Ukrain.

De Gesangsgrupp ass fir d'éischte Kéier a méi wéi zwou Wochen zesummen. Jiddweree wollt no senge Famillje kucken. De Lyubomyr huet Fra an dräi Kanner zu Lwiw. Och wa si flüchte wéilten, dierf hien net mat. Männer musse bleiwe fir d'Land ze verdeedegen.

Anerer bleiwen och. D'Oksentia Hruba war zu Kiew mat de Frënn. Si si bliwwen a spieren an héieren d'Ugrëff an der Haaptstad. Si ass Journalistin a Produzentin a mécht elo just nach benevole Saachen. "Mir denke just nach un de Krich, eis Situatioun, de Wiessel an eisem Land, d'Fräiheet an eisem Land. Mir wëssen net wéi laang et dauere wäert, mee mir si prett alles ze maache fir eis Fräiheet ze garantéieren."

D'Oksentia Hruba ass Journalistin a Produzentin

D'Ukrainer fuerdere weider eng Fluchverbuetszon

Lwiw ass e wichtege Punkt fir déi humanitär Hëllef an de Rescht vum Land ze schécken. Och Waffe vu NATO-Memberlänner ginn duerch dës Géigend distribuéiert. Dat erkläert de rezente Rakéitenugrëff vu Russland. Déi éischte Kéier wou een och zu Lwiw Explosiounen héieren huet.

"Elo ass et ganz no. Mir wëssen datt en Ugrëff ka kommen. Et ass immens geféierlech. Mir wëssen datt mir eis Zukunft a Kanner beschütze mussen, dat ass och wichteg an dësem Krich."

Wat wëllt hie vum Westen? E Fluchverbuet iwwert dem Territoire vun der Ukrain. Eng "no-fly zone", déi wëll all Ukrainer, an de President Wolodymr Zelenskyj insistéiert och, trotz der NATO hirem Refus. Den Himmel misst zougemaach ginn, seet de Lyubomyr. Dat ass ee vu villen neie Refrainen a Melodien un déi de Sänger sech a sengem Alldag gewinnt, d'Nationalhymn, d'Sireenen, an d'Kräische vun de Mammen déi hire Jongen Äddi soen.