Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alkohol um Steier

Transport

Alkohol um Steier

Ëmmer méi dacks héiert een, datt Camionschaufferen, déi hir Zäit op Raststätte verbréngen, ze vill Alkohol am Blutt hunn. Offiziell a fiabel Statistike ginn et hei am Land keng, an nëmme seele gi Kontrolle gemaach. Wéi grouss ass déi Problematik zu Lëtzebuerg?

auto_stories

3 min

Ëmmer méi dacks héiert een, datt Camionschaufferen, déi hir Zäit op Raststätte verbréngen, ze vill Alkohol am Blutt hunn. Offiziell a fiabel Statistike ginn et hei am Land keng, an nëmme seele gi Kontrolle gemaach. Wéi grouss ass déi Problematik zu Lëtzebuerg?

Däitsch Medie mellen ëmmer méi dacks, datt d'Police bei grousse spezifesche Kontrollen op Raststätten erschreckend vill alkoholiséiert Camionschaufferen ertappt. Virop osteuropäesch Trucker, déi no engem laange Weekend moies nach ze vill Promill am Blutt hu fir lasszefueren. Och zu Lëtzebuerg géif een ëmmer méi mat dëser Problematik konfrontéiert ginn, erkläert de Romain Daubenfeld vum OGBL. Virun allem op de grousse Raststätte wéi der Aire de Berchem, der Aire de Capellen oder zu Waasserbëlleg. De Phenomen hätt sech an de leschte fënnef Joer nach verstäerkt, behaapt de Romain Daubenfeld. Soulaang mir déi Problematik net an de Grëff kréien, kënnt et ëmmer nees zu sou Exzesser, wéi elo zum Beispill an Däitschland. D'Donkelziffer wäert wahrscheinlech awer nach e gutt Stéck méi grouss sinn.

Lëtzebuerger Chaufferen net betraff?

Lëtzebuerger Chauffeure géifen net dozou gehéieren, verséchert de Groupement de Transport. Dem Vize-President Henri Rinnen no, géif dat doru leien, datt déi grouss Firmen hei am Land eng méi perséinlech Relatioun mat hire Chauffeuren hätten. "Do schwätzt nach ee mat deem aneren. An de Gros vun de Chauffeure seet dem Patron dann och, wann et Problemer ginn. Do ass de Kontakt mam Patron awer nach anescht, wéi bei deene Firmen, déi dausende Chauffeuren hunn."

Beweiser dofir ginn et keng. Fiabel Statistiken iwwer den Alkoholkonsum bei Camionschauffere feelen, well d'Police eegenen Aussoen no keng systematesch Alkoholkontrollen op Raststätten hei am Land mécht. Béid Säiten, Patronat a Gewerkschaften, plädéiere fir méi Kontrollen, esou och de Romain Daubenfeld: "Et muss een d'Leit begleeden an oppassen, wat si während dem ganze Weekend maachen. Da kann een och méi liicht feststellen, wien apte ass ze fueren oder net.*

Beruff vum Camionschauffeur nees méi attraktiv maachen

De Romain Daubenfeld ënnerstëtzt och d'Nulltoleranzgrenz fir Camionschaufferen hei am Land. Eng weider Léisung wier de Verbuet vu Pausen am Camion selwer. Am Groussen a Ganze misst een de Beruff vum Camionschauffer nees méi attraktiv maachen. Och do si sech Patronat a Gewerkschaften eens. Zanter 2012 hätt Lëtzebuerg 1.500 Chauffeure verluer.

Auslännesch Chauffeure géifen zu Lëtzebuerg ausgebeut ginn. De Romain Daubenfeld schwätzt och vu sozialem a fiskalem Dumping. "A mir bréngen et net fäerdeg fir dee Beruff nees attraktiv ze maache fir eis Jongen. Datt si nees fuere ginn."

Europäesch Reegele fir méi Liewensqualitéit fir Chaufferen

An der Europäescher Unioun ginn de Moment Reegelen iwwer d'Aarbechtszäit an d'Fräizäit vu Camionschauffere festgeluecht. Zum Beispill soll déi maximal Dauer, an där e Chauffer an Europa ënnerwee ass, op véier Woche limitéiert ginn. Eng gutt Saach fënnt den Henri Rinnen vum Groupement du Transport.

Dee Moment kéint e Chauffeur eng ganz Woch bei hire Famillen doheem bleiwen. "An da kritt een dat och als Transportfirma besser gemanaged, well da kéins de souvill Chauffere méi astelle fir eng Woch. An du häss e Rhythmus", sou den Henri Rinnen.

Souwuel d'Gewerkschafte wéi d'Patronat kéinte sech virstellen an Zukunft zesummen un enger Léisung ze schaffe fir déi allgemeng Liewensqualitéit vun den internationale Camionschaufferen ze verbesseren.