Eng Vakanz zu Lëtzebuerg wier nach ëmmer méiglech, betount de Lex Delles. D'Regierung géif alles maache fir net méi als Risikogebitt klasséiert ze ginn a vu schwaarze Lëschten erofzekommen.
Wichteg wier elo, aner Länner vermëttelen ze kënnen, datt wéinst de villen Tester Lëtzebuerg eent vun de sécherste Länner an Europa wier, esou de Lex Delles.
Et wier awer elo schonn e groussen Image-Schued fir Lëtzebuerg entstanen. Dee misst een elo esou séier ewéi méiglech nees ewech kréien.
Nei Restriktiounen?
Et wier elo nach ze fréi fir vu neie méigleche Restriktiounen ze schwätzen. "Et muss een eng Analyse maachen, an och genee kucken, wou déi positiv Fäll hierkommen", sou de Lex Delles.
De François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca, mengt, déi grouss Partyen hätte sécherlech vill zur zweeter Well bäigedroen.
Am Horesca Secteur géif vill Wäert drop geluecht ginn, datt Caféen, Restauranten an Hoteller déi sanitär Reegele respektéieren. "Mir ginn och selwer kontrolléieren", seet de François Koepp. Wa Betriber sech net un d'Reegelen halen, géif d'Horesca hinnen de "Safe to Serve" Label nees ewech huelen.
"Vakanz doheem kann eis net retten"
Den Horesca Secteur wier ganz staark getraff ginn, nodeems Länner wéi Däitschland an d'Belsch Reeswarnunge fir Lëtzebuerg eraus ginn hunn, bedauert de François Koepp. Ganz vill Touristen aus de Nopeschlänner hätten hire Reservatiounen zu Lëtzebuerg nees annuléiert.
Nom Deconfinement wier et gutt gelaf, a bei der Vakanzen-Hotellerie wier nees en Taux d'occupation vu 55-60 Prozent erreecht ginn. Dat wier awer an de leschten Deeg nees op ënner 30 Prozent gefall.
D'Vakanz doheem kéint d'Betriber net retten. Dofir wier de Maart zu Lëtzebuerg ze kleng. D'Bonge vu 50 Euro, déi jiddweree krut fir eng Iwwernuechtung hei am Land, géifen awer hëllefen. Dem Lex Delles no hätten eng 250 Betriber sech ageschriwwe fir Bonge kënnen unzehuelen. Déi Campagne hätt e grousse Succès, sou de Minister.
Lues Reprise bei de Reesagencen
Bei de Reesagencen zu Lëtzebuerg géif d'Geschäft nëmme lues nees ulafen, seet de Berny Ley, Vize-President vun der ULAV (Lëtzebuerger Unioun vun de Reesagencen).
Zanter dem 5. Juni wieren d'Agence nees op. De Berny Ley schätzt awer, datt nach ëmmer 40 Prozent vun de ronn 600 Mataarbechter vun de Reesagencen am Chômage technique sinn.
Reesen an d'Ausland
Vakanzen an d'Ausland wieren elo nees méiglech. Déi beléiftst Destinatioune vun de Lëtzebuerger wiere südeuropäesch Länner ewéi Spuenien, Portugal, Griicheland. Dohi géifen och nees Fligere fléien.
Et géif awer och elo fir d'Reesen an d'Ausland eng gewëssen Onsécherheet bestoen, well een net wéisst, ob nach aner Länner wéinst den héijen Neiinfektioune Restriktioune fir Touristen aus Lëtzebuerg wäerten imposéieren.
Vill Leit géifen eréischt a leschter Minutt buchen, well se waarden, bis et méi Informatioune gëtt. Bis elo hätt et bei de Reesagencen awer nach keng gréisser Well vun Annulatioune ginn.