Datt bei deem Tornado kee Mënsch ëm d'Liewe koum, wier wuel just e puer glécklecher Ëmstänn ze verdanken, mengt hien. De Moment, an deem den Tornado passéiert ass, wier op der Haaptstrooss net sou vill Trafic gewiescht wéi soss, sou de Frank Pirrotte. Vill Leit hätte sech och an den noe Supermarché oder an hir Autoen zeréckgezunn.
Fir hie selwer wier an de Stonnen nom Tornado net u Schlof ze denke gewiescht, seet de Fränk Pirrotte.
"Ech sinn am Fong no freides [wéi et ugaange war, esou géint hallwer 6] sonndes owes um eng Auer fir d'éischt an d'Bett gaangen. Do waren einfach esou vill Aufgaben ze erleedegen, esou vill Saachen ze koordinéieren ... an et huet een och vum Adrenalin hier, deen een a sech hat, net de Besoin gehat fir schlofen ze goen. Meng Handys-Nummer war dobausse bekannt, vu datt mer dee Moment nach keng aner ageriicht haten, an ech krut an deenen zwee Deeg eppes iwwer 500 Appeller op mäin Handy."
Eréischt no zwee Deeg hätt hien d'Gefill gehat, d'Situatioun wier am Grëff, sou de Käerjenger Schäffen. Bis sonndes mëttes wier de gréisste Problem d'Héichspannungsleitung gewiescht, déi iwwer d'Haaptstrooss louch. Se war zwar freides owes ofgeschalt ginn, hir Dréit hätten awer all Moment kéinte räissen, wat "eng ganz aner Katastroph" bedeit hätt fir déi Leit, déi do wunnen.
Freides, den 9. August 2019, huet de Käerjenger Schäffen Fränk Pirrotte am spéiden Nomëtteg eng Koppel op der Gemeng bestuet. Wéi hien dunn erausgaangen ass, huet hien den Tornado op sech duerkomme gesinn.
Och haut nach géif hie sech dacks freides un d'Evenementer erënneren, "dat bleift iergendwéi am Kapp hänken". "Ech mengen dat ass en Evenement, wat mech fir mäi Liewe gepräägt huet", seet de Fränk Pirrotte. Hien hätt zesumme mat senger Ekipp vun der Gemeng probéiert fir de Maximum fir d'Käerjenger Awunner ze maachen, an de Gros hätt ee banne 14 Deeg och iwwer d'Bün kritt, sou de Käerjenger Schäffen.