Radioen

On air

Notturno  |  Sascha Ley - Travelling Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TNS Ilres klot géint falsche Sondage

Chamberwahlen 2018

TNS Ilres klot géint falsche Sondage

TNS ILRES huet eng Klo bei der ALIA agereecht, wéinst der Publikatioun vun engem falsche Sondage iwwer d'Chamberwahlen op engem auslänneschen Internet-Site mam Numm Luxembourg Polls.

auto_stories

2 min

Logo vun der ALIA | © Archiv
Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel

Déi Plainte géif elo wéi all aner Plainte traitéiert ginn. Dat seet de Romain Kohn, Direkter vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel. D'Prozedur gesäit vir, datt de Verwaltungsrot vun der ALIA an engem éischte Schrëtt préift, ob d'Plainte zoulässeg ass. An ob eng Instruktioun opgemaach gëtt. Virum Wahlsonndeg géif awer sécher näischt geschéien, esou de Romain Kohn.

"Sondage dierft net esou publizéiert ginn"

TNS Ilres an d'Piratepartei hate Plainte bei der ALIA agereecht, wéinst der Publikatioun vun engem falsche Sondage iwwer d'Chamberwahlen, op Twitter an op engem auslänneschen Internet-Site mam Numm Luxembourg Polls. Ee Sondage, "dee mir sou an där Form net wëssen, wou en hierkënnt, firwat e gemaach gouf a wien e gemaach huet". Dat seet de Managing Director vum Sondage-Institut TNS Ilres, Luc Biever. Dat wier och net ganz kloer gewiescht am Ufank.

"Mir halen dat do fir eng Virgoensweis, déi net alignéiert mam Lëtzebuerger Gesetz ass. Dat heescht, dee Sondage do dierft net esou publizéiert ginn. An en ass och u sech an der Form komplett falsch."

Dem Gesetz no däerfe bannen de leschte fënnef Deeg virun de Wahlen keng Sondagë méi publizéiert oder kommentéiert ginn. Fir d'Iwwerwaachung dovun ass d'ALIA zoustänneg. Déi Persoun, déi de falsche Sondage publizéiert huet, wier net hei vu Lëtzebuerg. Deemno wier dëse Fall vläicht eng Première fir d'ALIA, esou de Luc Biever.

Wéi ruffschiedegend ass esou eng Publikatioun fir TNS Ilres?

De falsche Sondage wier net onbedéngt ruffschiedegend, mengt de Luc Biever. "Well et ass ganz kloer, datt dat do - soe mir éierlech - Blödsinn ass." Mee et wier senger Meenung no "ëmmer schued, wann een higeet an Zuelen hëlt, déi een iergendwou fënnt an da seng eegen Rechnunge mécht, déi och ganz schwéier nozevollzéie si fir een Aussestoenden". Aus wéi enge Grënn déi betraffe Persoun dat géif maachen, wier him och net kloer - "aus enger gewësser Volontéit vläicht fir Opmierksamkeet ze kréien".

Et wier net déi éischte Kéier, datt déi Persoun dat maache géif, esou de Managing Director vun TNS Ilres." E mécht dat och an anere Länner. Ech halen net ganz vill dovunner."

D'Ëmfro "Luxembourg Polls" géif an d'Kategorie vun de Falschmeldunge gehéieren, esou Wort online. De Sondage wier weder vum Lëtzebuerger Wort an RTL an Optrag gi ginn, nach vun TNS Ilres duerchgefouert ginn. Dee Sondage ass e Fake, heescht et bei RTL.