Eurovisiouns-Debatt Timmermans proposéiert eng rout-rout-greng-blo Koalitioun
Eng Eurovisiouns-Debatt gouf et de Mëttwoch den Owend am Europaparlament. Op der Bühn stounge keng Museker, mee sechs Spëtzekandidate vun de groussen europäesche Parteien: De Manfred Weber vun der Europäescher Vollekspartei, de Sozialdemokrat Frans Timmermans, d'Margrete Vestager vun de Liberalen, déi gréng Ska Keller, den Nico Cué vun der Gauche Unie an den Jan Zahradil vun den Europäesche Konservativen.

Migratioun a Klimapolitik stoungen am Mëttelpunkt vum Debat, wou sech déi sechs duerchaus net ëmmer eens waren. A wou et eng iwwerraschend kloer Koalitiounsoffer gouf. D'Danièle Weber huet den Debat gelauschtert.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.