Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tierkesch Siidlungspolitik am Nordoste vu Syrien

Syrien

Tierkesch Siidlungspolitik am Nordoste vu Syrien

Zanter dem 9. Oktober ass den Nordoste vu Syrien, no enger relativ stabiller Period no der territorialer Victoire géint den IS, leschte Mäerz erëm an de Chaos gefall. De syresche Regime, Russland an d'Tierkei sinn elo wichteg Acteuren an der syrescher Kurderegioun. Nieft den arméierten Ausernanersetzungen, déi weiderginn, fäert déi lokal Bevëlkerung dem tierkesche President Reccep Tayyep Erdogan säi Plang fir syresch Flüchtlingen an hiert Gebitt ëmzesidelen.

auto_stories

3 min

Den tierkeschen Ugrëff op den Nordoste vu Syrien, deen den 9. Oktober nom Réckzuch vun den amerikaneschen Truppen aus der syrescher Kurderegioun ugefaangen huet, huet bis ewell den Deplacement vun ëm 180.000 Mënsche verursaacht. Mënschen, déi de Krich an der Grenzregioun gefaart hunn, mee och d'Awunner vun de Stied Tal Abyad a Ras el Ayn, déi bis haut vu pro-tierkeschen, islamistesche Milize besat ginn. Haaptsächlech Kurde kënnen net zeréck an dës Stied, mee och Araber, déi déi kurdesch geféiert autonom Administratioun an Nordost Syrien ënnerstëtzen.

Ënnerschiddlech Acteuren

Déi ënnerschiddlech terroristesch Gruppéierungen, déi iwwer déi lescht Joren a Syrien gekämpft hunn, wieren elo an deem Gebitt zesummekomm, seet den Hikmet Habib. Hien ass Vize President vum Syreschen Demokratesche Rot, d'Exekutivorgan vun der Autonomie-Administratioun. "Si komme grad aus Afrin, Idllib oder aus der Tierkei. D'Tierkei nennt se Fräi Syresch Arméi, mee et sinn Dschihadiste mat engem anere Numm."

D'Milize stinn dem Regime zu Ankara no an hunn net vir, sech zeréckzezéien. Vill méi geet et dem tierkesche President Recep Tayyip Erdogan dorëms, an dës besate Gebidder syresch Flüchtlingen ëmzesidelen, déi den Ament op tierkeschem Buedem sinn. Dat huet den Erdogan och de Vereenten Natioune virgeschloen an déi international Communautéit ëm finanziell Hëllef gefrot, fir nei Stied fir Flüchtlingen an der Grenzregioun opzebauen.

Demographesche Wandel?

Net nëmme geet et dem tierkesche President drëm, en Deel vun den 3,6 Millioune Flüchtlingen an der Tierkei erëm zeréck a Syrien ze schécken. Op laang Dauer féiert dem Erdogan seng Siidlungspolitik och zu engem demographesche Wandel an der Kurderegioun. Doduercher datt syresch Sunitt Araber aus anere Regioune Kurden an Nordost-Syrien ersetzen, ginn déi tierkesch a syresch Kurderegioune vunenee getrennt. An dobäi och déi kurdesch Autonomie-Administratioun an Nordost-Syrien geschwächt.

Dësen Agrëff an d'Demographie vun der Regioun ass net nei. Schonn an de 70er Joren huet de Regime zu Damaskus duerch spezifesch Bevëlkerungspolitike versicht, déi kurdesch Beweegung ze schwächen. Dat seet den Ibrahim, e Flüchtling aus der Stad Ras al Ayn:

"De Plang besteet doran, d'Kurden aus dem ganze Gebitt ze verdreiwen. Schonn an de 70ger Joren, wou d'Baath Partei d'Muecht a Syrien iwwerholl huet, huet si d'Konzept vum 'arabesche Rimm' entwéckelt. Mam Zil, Araber aus der Géigend vu Raqqa an d'Kurderegioun ëmzesidelen. Haut wëllt den Erdogan syresch Flüchtlingen aus Homs, Hama oder Idlib an eise Gebidder installéieren".

Dat huet den Erdogan schonn an der Stad Afrin erreecht, déi zanter leschtem Joer via islamistesch a pro-tierkesch Milize vun Ankara kontrolléiert gëtt. D'Awunner vun Afrin liewe bis haut nach zum Deel a Lageren a kënnen net zeréck. Kritesch Stëmme ginn duerch Folter a Mord ausgeläscht. Op laang Dauer bedeit dës tierkesch Bevëlkerungspolitik net nëmmen eng Menace fir déi syresch Kurden. Déi islamistesch Milizen, déi fir d'Verdreiwung vun der lokaler Bevëlkerung agesat ginn, erhéijen och d'Gefor vum Terrorismus a vun der regionaler Instabilitéit.