Tierkei Tierkei-Referendum: Zu Lëtzebuerg waren iwwer 9000 Leit net ageschriwwen

Déi tierkesch Oppositioun kritiséiert de Wahloflaf an der tierkescher Ambassade zu Lëtzebuerg: Iwwer 9600 Wieler hunn hir Stëmm ofginn, obwuel just eng 500 Tierken hei am Land registréiert sinn. D’Ambassade seet, et wäre vill Tierken aus der Groussregioun op Lëtzebuerg wiele komm.

Rick Mertens

Sözcü - 11. Mäerz
D'Titelsäit vun der Zeitung Sözcü (11. Abrëll)

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan huet de Verfassungsreferendum an der Tierkei mat 51,4 Prozent vun de Stëmme gewonnen. D'Oppositioun fuerdert awer, datt d’Resultat wéinst Onregelméissegkeete beim Ausziele vun de Stëmmen annuléiert gëtt.

Dobäi gëtt et och Kritik um Wahloflaf an der tierkescher Ambassade zu Lëtzebuerg: Déi oppositiounsno Zeitung Sözcü huet den 11. Abrëll op hirer Titelsäit gefrot, wéi et méiglech wär, datt iwwer 9000 Tierken zu Lëtzebuerg gewielt hunn, obwuel vill manner tierkesch Wieler hei am Land registréiert sinn.

“Et gëtt kee Vertrauen an de System”

An engem Communiqué, deen op tierkesch geschriwwen ass, huet d'Ambassade doropshi präziséiert, et hätten 9633 Leit hir Stëmm zu Lëtzebuerg ofginn - bei 512 ageschriwwene Wieler. Dat wär net ongewéinlech: Fir Tierken, déi zu Tréier oder Metz wunnen, wär Lëtzebuerg nämlech méi no, wéi d'Konsulater zu Mainz oder zu Stroossbuerg - dofir hätte vill Leit hir Stëmm hei am Land ofginn.

D'Ambassade ënnersträicht awer, dat géif de Regelen entspriechen: Tierken, déi am Ausland wunnen, kéinten nämlech fräi wielen, op wéi enger Plaz si hir Stëmm ofginn. Et wär net méiglech doduerch ze fuddelen, well all d'Stëmmen an engem zentrale System gespäichert ginn.

Och de Laurent Mignon, deen tierkesch Literatur op der Universitéit zu Oxford enseignéiert, seet, déi héich Zuel vu Wieler an der Lëtzebuerger Ambassade géif net forcement heeschen, datt d'Regelen net agehale goufen.

D'Oppositiouns-Parteien a -Medien hätten d'Situatioun zu Lëtzebuerg awer "e bësse komesch fonnt". Dës Skepsis géif weisen, datt et kee Vertraue méi an de System gëtt, och wann alles richteg gelaf ass. Dat wär "geféierlech fir d'Zukunft", esou de Professer.

Interview - Laurent Mignon

Méi zum Thema

Marc Glesener.jpg Meenung
Tierkesch Politiker

Europa brauch méi Courage fir glafwierdeg ze sinn, seet de Kommunikatiounsberoder Marc Glesener. Hie bezitt sech virun allem op d’Diskussiounen ronderëm d’Optrëtter vun tierkesche Politiker an Europa.

Anne Brasseur
Europapolitik

D’Europäesch Unioun misst séier eng Positioun fannen, wéi een an Zukunft mat der Tierkei well ëmgoen, fuerdert d’Anne Brasseur. D’DP-Deputéiert ass mat enger Delegatioun vum Europarot zu Ankara.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen