Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Monophona - Elastic (I Do)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wunnen zu Lëtzebuerg

Themendag Logement

Wunnen zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg huet en héije wirtschaftleche Wuesstem, d'Bevëlkerung wiisst, mä et feelt u Wunnengen. Wouduerch ass dat bedéngt, wat kënnen de Staat an d'Gemenge maachen, a wéi eng alternativ Wunnforme ginn et?

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / bildlove

Déi ëffentlech Hand misst massiv a séier handelen, fir de soziale Wunnengsbau virunzedreiwen. Dofir misst d'SNHBM, d'Société nationale à habitation bon marché, grad wéi de Fonds du Logement sech op d'Locatiounswunnenge konzentréieren. Dat seet de Serge Kollwelter, ee vun den Auteure vum Fuerderungskatalog Ronnen Dësch.

D'Gemenge wieren dacks net equipéiert, fir d'Logistik vum Bau vu méi Wunnengen z'assuréieren. Iwwerdeems freet dee Kollektiv, datt de Prozentsaz u Sozialwunnengen dee fir gréisser Bauprojete vun méi wéi engem Hektar vun zéng op 30 Prozent erhéicht gëtt.

Fuerderungskatalog Ronnen Dëschplay_arrow

E Manktem vun 2.000 Wunnengen d'Joer

D'Lëtzebuerger Wirtschaft wiisst, de Chômage-Taux geet erof, an och demographesch kann een eng Croissance feststellen. Allerdéngs ginn et net genuch Wunnengen. Et bräicht een all Joer 5.000 Wunnengen, déi nei op de Marché kommen, seet de Jérôme Hury vum STATEC. Aktuell kéim een awer just op ronn 3.000 Wunnengen. Et géif also e Manktem un neie Wunnenge ginn. Dëse Besoin u Wunnengen accumuléiert sech all Joers.

D'Schéier tëscht de gebrauchten an den effektiv verfügbare Wunnengen gëtt also ëmmer méi grouss. Ee Grond wisou net genuch Wunnenge op de Marché kommen, ass, datt vill Wunnengen eidel stinn. Doduerch klëmmt och de Präis vun de Wunnengen.

Dossier vum Dagplay_arrow

50.000-80.000 Wunnenge kéinten entstoen

2.700 Hektar Land kéinten zu Lëtzebuerg direkt bebaut ginn. Si leien am Perimeter. An dorop kéinte kuerzfristeg 50 bis 80.000 Wunnengen entstoen. Dat geet ervir aus engem Relevé, deen de LISER, de Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche, opgestallt huet.

92 Prozent vun deenen Terraine gehéiere private Proprietairen. An déi géifen hir Bauplazen nach laang net all just aus Spekulatiounsgrënn wëlle behalen, mä zu engem gudden Deel haaptsächlech, well déi Terrainen zënter éiweg an der Famill sinn, well et fir si keng Noutwennegkeet gëtt ze verkafen, a well et haut och bal kee besseren a méi séchere Placement gëtt.

Dat sot de Julien Licheron, Chercheur um LISER op dëser Antenn. Hie war den Invité vun eisem Themendag Logement. Och wann z. B. d'Zentralbank rezent vun enger liichter Iwwerbewäertung vun den Immobiliepräisser geschwat hätt, géif hien d'Gefor vun enger Immobilieblos déi platze kéint, net gesinn.

Invité vum Dagplay_arrow

Alternativ Wunnformen

Wunn-Cooperativen, Wunngemeinschaften oder sougenannt Mini-Haiser bidden eng Alternativ fir de méi klenge Portemonnie. Mä se stellen och d'Relatioun zu Besëtz a Fro a ginn Denkustéiss iwwert Zesummeliewen an Nohaltegkeet. Aneschtes denken an aneschtes plangen fir der Logement-Problematik entgéint ze wierken. Dës Approche hu sech e puer Acteuren zu Lëtzebuerg op de Fändel geschriwwen.

Eng alternativ Wunnform sinn tiny houses. Dës mini Haiser hunn am Duerchschnëtt 20 Meter Carré a kënnen zum Beispill, wéi eng Roulotte, op Rieder stoen. Ee Problem bei de Mini-Haiser ass allerdéngs, datt een nawell een Terrain brauch, fir drop ze wunnen. Mä de Präis vun engem tiny house läit wäit ënnert deem, wat ee fir een Terrain an der Regel bezilt. Esou een Haus kéint ee schonn fir ronn 30.000 Euro kafen.

Dat géif et de Leit erméiglechen, sech net vun enger Bank ofhängeg ze maache wéinst engem Prêt, deen ee fir een normaalt Haus oder Appartement op länger Zäit muss ophuelen, seet den Johny Diderich, Coordinateur vum Grupp fir tiny houses. Dës Onofhängegkeet hätt senger Meenung no och een Afloss op d'Aarbechtsverhältnis: "Et muss een net 40 Stonne schaffe goen. Et kann een eventuell vill méi an eng Richtung vun enger Aarbecht goen, wou d'Selbstverwierklechung méi grouss ass, wéi musse Suen ze verdéngen. Dat heescht, et ass den Aspekt vu Fräiheet kombinéiert och e bësse mam ekonomeschen Aspekt."

Géint d'Isolatioun - virun allem vu Leit iwwer 60 Joer - virgoen, dat ass d'Zil vun Nouma. D'Gesellschaft fir gemeinschaftlecht Wunnen am Alter gouf virun zwee Joer vun der Emma Zimer gegrënnt. Bei der Wunngemeinschaft sollen all Kéier zéng Persounen an enger Residenz zesummewunnen.

D'Leit géifen an hiren Haiser bleiwen, souguer wann déi fir hir eege Besoinen ze grouss gi wären, seet iwwerdeems de Julien Licheron, Chercheur beim LISER. Dat hätt domat ze dinn, datt vill Leit Proprietaire sinn vun hirem Haus. An als Proprietaire plënnert ee manner séier aus "senger" Wunneng eraus wéi als Locataire. Dofir géifen eeler Leit sech och ganz ongär vun hiren Haiser trennen, souguer wann d'Kanner aus dem Haus sinn.

Alternativ Wunnformenplay_arrow