De Mann kënnt bei den Dokter, weist mam Fanger op eng Partie Plazen u sengem Kierper a beschwéiert sech: "Wann ech do drécken hunn ech wéi, wann ech hei drécken hunn ech Péng a wann ech op dës Plaz drécken, hunn ech och wéi." Den Dokter ënnersicht déi Plazen um Patient, kann awer näischt Anormales feststellen. En iwwerleet a kënnt no enger Zäit drop: de Patient hat de Fanger gebrach.
Dee Witz ass mir agefall, nodeems ech déi Table Ronde e Sonndeg op der Tëlee gekuckt hat an dono e komescht Gefill hat. Wat war dat do elo? Geet et ëm de Kierper oder ëm de Fanger? Annerhallef Stonn laang hunn néng Männer an eng eenzeg Fra iwwer e ganz wichtegt Thema diskutéiert. Deels opriichteg a mat Argumenter beluecht, ouni d'Problemer wéi Logement, Transport, Populatiounszouwuess an Ëmwelt op der Säit ze loossen. Deem géintiwwer stoungen allerdéngs och subjektiv, bornéiert, simplistesch a ganz approximativ Argumenter, déi dëser Diskussioun den Aspekt vu Klenschegold ginn hunn.
Ënnerschwelleg goung et deenen ëm eppes ganz anescht wéi enger rationell léisungsorientéiert Diskussioun. Mir haten do mat e puer Couchen ze dinn, déi net mat der Deckfaarf vun der Fassade iwwertenee gestëmmt hunn.
Wuesstum: En traditionellt Thema
D'Thema Wuesstum ass wichteg an ass sécher net nei - och wann e vu Munchen elo entdeckt gëtt. Et ass ganz vill diskutéiert ginn, schonn deemools wéi d'Landesplanung mam IVL an de Plans sectoriels an der Regierung an an der Gesellschaft en Thema waren. Dir erënnert Iech sécher un d'Geschicht vum 700.000 Awunnerstaat. Do ass och scho mat der Angscht vun de Leit gespillt ginn. Deemools sinn awer och konstruktiv Pläng gemaach gi wéi de Modal-Split an den Ausbau vum ëffentleche Verkéier, d'Iddi vun der Nordstad ass entstanen, déi allerdéngs net wierklech uewen op der politescher Agenda gelant ass. Wéi ee Wuesstum wëlle mir?
Dat ass en traditionellt Thema, mat deem sech och Ëmweltorganisatioune wéi de Mouvement écologique scho laang intensiv befaassen an ëm eng Biergerbedeelegung beméit sinn. Déi ganz Nohaltegkeetsdebatt hänkt jo och do drun. A se ass richteg komplizéiert. An dowéinst ass et net credibel, datt Leit, déi sech net wierklech d'Méi gemaach hunn, fir sech an deen Dossier eranzeschaffen, dëst Thema elo benotzen, fir eigentlech ganz aner Ziler ze camoufléieren.
Argumentatiounen déi keng sinn
Fir erëm op de Witz zeréckzekommen: de Patient huet net gelunn - wann hien op Plaze vu sengem Kierper gedréckt huet, hat hien effektiv wéi. Hien huet just dem Dokter net gesot, datt et säi Fanger war, dee wéi gedoen huet. Hien huet also op eng falsch Schinn gesat. Genee esou gëtt mam Thema Wuesstem verfuer: mir wëlle keng Grenzen zoumaachen, mir wëllen och eng oppe Gesellschaft behalen, Entreprisë sinn ok, wa se dem Lëtzebuerger Wuelstand eppes bréngen, heescht et. Mee mir wëllen awer de Bevëlkerungswuesstum bremsen, d'Zuele vu Frontalieren erofsetzen, manner Immigranten.
Dee Saz fält an der 36. Minutt vun der Emissioun an domat ass alles gesot. Méi wäit geet et net. Dono gehäit de Kandidat vun der Partei mat de gefakte Kandidatelëschten nach d'Thema Flüchtling an d'Ronn, wou d'Journalistin dann direkt intervenéiere muss.
Et gëtt no kenger Léisung gesicht, et gëtt net emol iwwer d'Konsequenzen vun esou enger Eventualitéit nogeduecht. D'ADR, déi grouss ginn ass mat dem Thema Rentegerechtegkeet, fuerdert elo d'Ofschafe vun engem Mechanismus, deen et erméiglecht, datt d'Pensiounen den Ament op engem héijen Niveau gehale ginn. Wéi soll dat goen - dat eent ouni dat anert? Do kënnt dann näischt. Le beurre, l'argent du beurre, mee ouni d'Mëllechfra - well déi riskéiert déi falsch Sprooch ze schwätzen.
Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.