Radioen

On air

Notturno  |  Natalie Prass - Sisters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëschestand an den Alters- a Fleegeheemer

Impfcampagne

Tëschestand an den Alters- a Fleegeheemer

Bis de 25. Mäerz sollen d'Bewunner vun allen Alters- a Fleegeheemer a vun de Strukture fir Leit mat engem Handicap déi béid Impfdosisse kritt hunn. Dës Hoffnung huet d'Familljen- an Integratiounsministerin Corinne Cahen gëschter an der Chamber ausgedréckt. Eelef éischt Maisons de soins wiere scho komplett fäerdeg géint de Coronavirus geimpft, d'Bewunner hunn also déi zwou Dose kritt.

auto_stories

2 min

D'Familljeministerin Corinne Cahen. Foto: Chambre des Députés (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Nieft dem Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur gi jo d'Bewunner aus den Alters- a Fleegeheemer an aus de Strukture fir Leit mat engem Handicap prioritär geimpft. D'Ministerin Corinne Cahen huet an der Chamber aktuell Zuele genannt: an eelef Maisons de soins, a fënnef CIPAen an a véier Strukture fir Leit mat engem Handicap, hätte Leit déi éischt Dosis kritt.

Vun haut u sollen déi mobil Ekippen d'Bewunner aus 25 weideren Alters- a Fleegeheemer an aus 24 weidere Strukture fir Leit mat engem Handicap impfen. D'Corinne Cahen hofft, datt bis de 25. Mäerz d'Bewunner vun all d'Strukturen hir zweet Dosis kritt hunn.

Bei de Bewunner, déi bis elo d'Méiglechkeet dofir haten, hätte der ganz vill sech impfe gelooss, esou och d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert - et géif hei en Taux d'adhésion vun 86,7 Prozent ginn. "Dat ass natierlech en Tëschebilan, mir sinn nach net fäerdeg."

Paulette Lenert schwätzt sech géint "Ringimpfung" aus

Fir eng séier Ausbreedung vum Virus an den Alters- a Fleegeheemer ze vermeiden, hat de Professer Claude P. Muller virun e puer Deeg eng sougenannte "Ringimpfung" recommandéiert, fir all d'Kontaktpersoune vun engem Corona-Infizéierte séier ze impfen.

An der Chamber dorop ugeschwat, huet d'Paulette Lenert sech dogéint ausgeschwat, well d'Impfunge réischt no enger Zäit géife wierken. Eréischt zwou bis dräi Wochen no der éischter Impfung géif den Effekt vum Vaccin asetzen, a siwen Deeg no der zweeter Impfung wier wier de Schutz voll do.

Et géif een also mam systemateschen Impfen an den Heemer viru fueren, esou d'Ministerin. Déi éischt Bewunner ware viru gutt engem Mount, de 6. Januar vaccinéiert ginn.