Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëschebilan vum neie Congé parental

Chamberwahlen 2018

Tëschebilan vum neie Congé parental

Den 1. Dezember 2016 ass d'Reform vum Congé parental a Kraaft getrueden. Zil vun der Reform war et, den Eltere méi finanziell Moyenen a méi Flexibilitéit ze ginn. Am Februar huet de Familljeministère en éischte positive Bilan vun der Reform gezunn op Basis vun enger Ëmfro, déi d'Meenungsfuerschungsinstitut TNS Ilres gemaach hat. Mir hu bei jonken Elteren nogefrot, wéi si den neie Congé parental notzen a wat een nach verbessere kéint, an eis ugekuckt, wéi eng Usätz d'Parteien an hire Wahlprogrammer proposéieren.

auto_stories

8 min

Duerch d'Reform vum Congé parental huet sech um finanziellen Niveau vill geännert: Am Plaz vun enger Indemnitéit vun 1.778 Euro kréien Elteren, déi Vollzäit schaffen a Vollzäit Congé parental huelen op d'mannst 1.900 Euro a maximal 3.200 Euro Brutto de Mount. Ofhängeg vum Akommes: een dee manner wéi 3.200 Euro verdéngt kritt seng Pai weider, een deen driwwer leit kritt 3.200 Euro.

Een Elterendeel muss de Congé parental direkt no der Gebuert huelen, deen zweeten Elterendeel hëlt en éier d'Kand sechs Joer al ass. Nei ass, datt och d'Pappe kënnen de Congé parental direkt no der Gebuert huelen.

Et goufen awer och nei Formullen agefouert, wéi ee säin Eltereschaftscongé eranhuele kann. Nieft Plein-temps während engem hallwe Joer a Mi-temps während engem Joer kënnen Elteren och während 20 Méint nëmmen 80 Prozent schaffen an een Dag an der Woch doheem bleiwen oder véier Méint iwwer déi Period verdeelt eranhuelen.

D'Sandy an de Fränk: "Keng Kanner fir se an d'Crèche ze setzen"

D'Karolina ass den Ament am volle Congé parental mat hirem zweete Kand. Wéi si hiert éischt Kand krut, huet si en Hallef-Zäit-Congé parental geholl an duerno ugefaangen nëmmen nach mi-temps ze schaffen. Dat ass ee vun de Grënn, firwat si sech dës Kéier fir de ganzen Elterecongé decidéiert huet.

"Zéng Stonnen, dovunner ofgesi vum Employeur, ech mengen dee wär net sou frou gewiescht, wann ech just zéng Stonne komm wier, mee och fir einfach méi Zäit mat him ze hunn, well ech mir soen, d'Zäit vergeet esou schnell. Mee vum Finanziellen hier ass et einfach, datt ech geduecht hu sechs Méint ass méi einfach ze iwwerbrécken, wéi ee Joer mat manner an der Pai."

Der Karolina hire Mann huet den Ament wéinst senger Aarbecht keng Méiglechkeet e Congé parental ze huelen - eventuell kéint hien awer déi Formule vun 80 Prozent huelen, éier d'Kand sechs Joer al ass.

De Fränk wäert dës Formule notzen - den Ament ass seng Fra Sandy am hallwe Congé parental.

Wann ee mi-temps géif schaffen, misst een oppassen, datt een net ze vill Iwwerstonne mécht, seet d'Sandy. Bis elo géif dat och gutt fonctionnéieren, et misst een awer ganz disziplinéiert sinn, well ee ganz séier an d'Iwwerstonne gerode kéint. "A wann ee mi-temps ass, soll een am Fong keng Iwwerstonne maachen, soss huet et jo kee Wäert e mi-temps ze maachen."

Wann d'Sandy mat sengem Congé parental fäerdeg ass, well de Fränk säi Congé een Dag an der Woch während 20 Méint maachen.

D'Koppel wollt keng Kanner hunn, "fir se an d'Crèche ze setzen".

"An zum Schluss vu mengem Congé parental, idealerweis, wier et esou, datt ech dann een Dag doheem wier, also mäi Kontrakt dann erofsetzen an de Fränk een Dag d'Woch Congé parental hëlt. Also dat ass elo hypothetesch, fir datt et ebe genee esou vill Deeg wéi elo an der Crèche ass, an net méi", seet d'Sandy.

De Benjamin: "Mäi Chef huet dee méi flexibele Congé parental net kannt"

De Benjamin huet sech fir d'Formule entscheet fir iwwer 20 Méint véier Méint Congé parental ze huelen an hien huet och schonn dräi vun deene véier Méint geholl. Hie war deen éischte Mann, deen a sengem Betrib e Congé parental ugefrot huet.

Säi Chef wier iwwer dee méi flexibele Congé parental nach net informéiert gewiescht. "Fir hie gouf et de Choix tëscht sechs Méint oder Hallefzäit schaffen", seet de Benjamin. Op där Basis wier et fir hie méi einfach gewiescht, fir mat sengem Chef eens ze ginn.

Hie huet och säin Déngschttelefon- a Computer net missten ofginn. Aarbechtskolleeginne vum Benjamin hätten dat misste maachen, wa si sech fir sechs Méint Congé entscheet hätten.

D'Formule vu véier Mol ee Mount iwwer 20 Méint wier déi bescht, fir säi Beruff a säi Familljeliewen ënner een Hutt ze bréngen. Et hätt him et och erlaabt mat sengem Patron ze kucken, zu wéi engen Zäiten et am Betrib méi roueg wier. Allerdéngs géif hien net verstoen, firwat een nëmme véier a keng sechs Méint Congé parental hätt mat där Formule.

Crèchen: Deier a schwéier eng Plaz ze kréien

D'Betreiung vun hire Kanner an der Crèche huet fir déi Eltere mat deene mir geschwat hunn, Erausfuerderungen duergestallt - engersäits fir iwwerhaapt eng Plaz ze kréien, awer och um finanziellen Niveau.

"Flott wär et natierlech wann d'Crèche net esou géif an d'Geld goen, wéi dat am Moment de Fall ass", seet de Fränk. Hien a seng Partnerin hätte bei zwielef Crèchen nogefrot "an dovunner haten der zwou eng Plaz fir Mäerz".

"An där Zäit war ech dräi Méint schwanger", erzielt seng Frendin. "Dat heescht néng Méint duerno sollt hatt an d'Crèche goen an déi meescht Crèchen haten eréischt Plaz ab Hierscht dëst Joer. Dat heescht annerhalleft Joer drop. Dat ass e Problem, an en anere Problem ass och - privat Crèchë kaschte vill méi deier wéi konventionéiert Crèchen." Nom éischte Liewensjoer kréien d'Elteren duerch déi sougenannte Chèques-servicen 20 Stonne gratis Kannerbetreiung, virdrun net. Dat kéint ee fir déi Elteren, déi mi-temps schaffen, nach änneren, fannen d'Sandy an de Fränk.

Déi privat Crèchë wieren nämlech net esou flexibel wann een d'Kanner net entweder mi-temps oder plein-temps géif aschreiwen, seet och d'Karolina.

Ënnerscheeder tëscht konventionéierten a private Crèchen

"Ech versti si natierlech och. Well si soen, mir kennen net eng Educatrice vun eelef bis zwielef heemschécken a si net bezuelen. Well déi konventionéiert, déi gi jo vum Staat bezuelt an hei mussen d'Patrone kucken, datt d'Leit bezuelt ginn, an ech menge fir datt d'Educatricen zefridde sinn, musse si jo och eng gewësse Qualitéit vun hirer Aarbecht hunn."

D'Decisioun Kanner ze kréien huet fir déi Elteren, mat deene mir geschwat hunn och aner Decisiounen an hirem Liewe beaflosst - d'Karolina wollt zum Beispill nëmmen en Haus bauen, wann et duerno nach finanziell méiglech wier fir si hallef ze schaffen. Och d'Sandy an de Fränk hu sech esou organiséiert, datt si sech kennen Zäit fir hiert Kand huelen.

"Ma mir hunn och an eiser Koppel e puer Liewensdecisioune geholl, déi erméiglechen, datt mir kenne flexibel sinn an deem Beräich. Zum Beispill hu mir en Appartement kaf a keen Haus. Dat heescht, eise Prêt ass dann och net esou grouss, wéi wa mir en Haus kaf hätten. Mir hunn och nëmmen een Auto zu zwee, fuere mam Vëlo. An ech mengen, déi Decisiounen hunn och gemaach, datt mir eis kennen eis Aarbechtszäit e bësse méi flexibel gestalten. Well mir net ofhängeg sinn vun 100 Prozent vun eisem Gehalt."

Propositiounen an de Parteiprogrammer

An de familljepoliteschen Deeler vun de Wahlprogrammer déi scho virleien, fënnt ee verschidde Propositioune fir d'Elteren nach méi ze ënnerstëtzen.

D'DP setzt sech fir e Congé parental PLUS an - d'Eltere sollen d'Méiglechkeet kréien, en zousätzleche Congé vun 18 Méint plein-temps oder 36 Méint mi-temps unzefroen. Während där Zäit géifen d'Eltere keng finanziell Hëllef méi kréien, mee de Staat géif esou wuel fir déi perséinlech, wéi och fir d'Part patronale vun de Pensiounskotisatiounen opkommen.

Bei der LSAP ass et d'Fuerderung nom Recht op Deelzäitaarbecht aus familiäre Grënn bis zum zwielefte Liewensjoer vum Kand, mat engem Recht fir duerno erëm plein-temps ze schaffen. De Staat géif dee Moment d'Pensiounskotisatioune fir eng Reduzéierung vu bis zu 30 Prozent pro Elterendeel iwwerhuelen.

déi Lénk fuerdert, datt de Congé parental op zwielef Méint plein-temps verlängert gëtt a gratis Kannerbetreiung. Et soll iwwerdeems méiglech ginn, de Congé parental unzefroe während de Partner nach am Congé maternité ass, fir zesumme beim Kand ze bleiwen, fuerdert déi Lénk.

Déi gréng wëllen de Congé parental verlängeren an d'Méiglechkeet aféieren, en Deel dovun an engem Stéck ze maachen an en Deel ze notzen, fir d'Wochenaarbechtszäit ze reduzéieren. Och déi gréng wëllen d'Méiglechkeet aféieren, de Congé parental ze huelen, während de Partner nach am congé Maternité ass, an e Recht op Deelzäitaarbecht bis zum 12. Liewensjoer vum Kand.

Déi Konservativ fuerdert eng Opwäertung vum Eltere-sinn als Beruff - Elteren, déi hir Kanner doheem erzéien, sollen en Erzéiungsgeld mat Pensiounsurecht kréien. Doduerch soll:

"Kannerräichtem an d'Gebuerterat ënnerstëtzt ginn, fir de Fortbestand vun eiser Natioun"

D'Piratepartei wëllt sech dofir asetzen, datt d'Elteren de Montant vum Chèque Service ausbezuelt kréien a selwer decidéiere kënnen, op si déi Sue wëllen notze fir d'Kanner doheem ze betreien oder an enger Struktur betreien ze loossen. D'Chèque-Services sollen iwwerdeems un d'Akommes ugepasst ginn.

Am Wahlprogramm vun der KPL steet näischt iwwer de Congé parental. De Wahlprogramm vun der ADR ass nach net verëffentlecht. D'CSV huet bis elo nëmmen en Deel vun hirem Wahlprogramm publizéiert: de Volet Familljepolitik gëtt eréischt den 10. September presentéiert.