Radioen

On air

Notturno  |  15 15 - Perfect Heaven

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Terrainsfro gekläert, Dossier relancéiert

Google

Terrainsfro gekläert, Dossier relancéiert

No laangem Hin an Hier huet d'Regierung et fäerdeg bruecht, fir Google en Terrain ze proposéiere fir de Bau vun engem Data-Center. De Staat huet 33 Hektar um Rouscht zu Biissen zesummen. Ob de gréissten Data-Center aus der Groussregioun zu Lëtzebuerg gebaut gëtt, hänkt awer nach vu villen Entwécklungen of.

auto_stories

2 min

(c) bigstock

Et bleiwen nach eng ganz Partie Elementer ze klären, mä op d'mannst gëtt et elo e Site, dee fir de Bau vun engem Data-Center a Fro kéim: Um Rouscht zu Biissen, nërdlech vun der Aktivitéitszon Klengbousbierg. Eigentlech wollt d'Regierung d'Terrainsfro schonn am Juli klären. Dat war awer net méiglech, well ee Bauer net verkafe wollt. Eisen Informatiounen no gouf doropshin eng Enteegnungsprozedur lancéiert. D'lescht Woch huet de Bauer noginn an e Compromis ënnerschriwwen. Wéi RTL de Moie gemellt huet, an de radio 100,7 et vu méi Sourcë confirméiert krut, sinn domat elo all d'Proprietären averstanen, fir ze verkafen.

All d'Proprietäre verkafen

Google ass eisen Informatiounen no an Tëschenzäit informéiert ginn, datt de Staat elo Verkafs-Compromise fir 33 Hektar zesummen huet. Ob awer iwwerhaapt zu Lëtzebuerg gebaut gëtt, a wéini et esouwäit ass, weist sech eréischt an den nächste Méint. Fir den Ament huet de Staat d'Compromis de vente mat de Proprietäre vun den Terrainen ënnerschriwwen. Eréischt wa bis déi wichtegst Autorisatioune virleien, wäert Google dem Staat d'Terrainen ofkafen a mam Bau ufänken.

Google muss nach prinzipiell decidéieren, ob den US-Internetkonzern um Projet zu Lëtzebuerg interesséiert ass. Donieft muss de Site zu Biissen nach ëmklasséiert ginn. Dofir si verschidde Prozeduren um Niveau vum Staat a vun der Gemeng néideg: eng strategesch Ëmweltpréiwung (SUP), d'Iwwerschaffe vum allgemenge Bebauungsplang vun der Gemeng (PAG) an e punktuelle Bebauungsplang (PAP).

Ass Google interesséiert?

Wa Google investéiere wëll, mussen och nach spezifesch Pläng fir den Data-Center ausgeschafft ginn. Deen Ament eréischt gëtt kloer, wéi eng genee Envergure den Data-Center kréie soll. D'Aussoen, déi bis elo iwwer d'Envergure gemaach goufen, concernéieren nämlech en anere Projet zu Biissen, deen an Tëschenzäit vum Dësch ass. Am Mee war dee Projet bei der Luxlait a bei der Creos zu Biissen gescheitert, well de Bauer sech géint e Verkaf vu sengen Terrainen decidéiert hat.

Wort Online huet de Moie geschriwwen, während enger Visite vum Premier- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel an zwou Wochen a Kalifornien, sollt e Virvertrag ënnerschriwwe ginn. Enger gutt informéierter Source no ass den Dossier dofir awer nach net wäit genuch fortgeschratt. Am Staatsministère heescht et, et wier eng Entrevue mat Google geplangt, mä den Inhalt vun där Entrevue wier nach net definéiert. Et kéint een net confirméieren, datt ee wéinst dem Data-Center géif bei Google goen.