Den Aarbechtsministère hat des Etüd an Optrag ginn, déi zesumme mat der Inspection générale de la sécurité sociale an dem LISER realiséiert gouf. Sou waren am September 2022 eng 6.500 Leit am Laangzäitchômage, dat ass eppes manner wéi d'Hallschent vun all Demandeurs d'emploi.
De Phenomen huet sech an de leschte 15 Joer reegelméisseg verstäerkt, allerdéngs huet déi Tendenz zanter Januar 2021 gedréint.
Probabilitéit op Laangzäitchômage läit bei 16 Prozent
Déi aktuell Dynamik um Aarbechtsmarché kënnt besonnesch dëse Leit entgéint. Eppes iwwer en Drëttel vun de Leit, déi laang bei der ADEM ageschriwwe sinn, hunn de Statut vun der capacité de travail réduite oder vum Salarié handicapé.
Aktuell besteet d'Probabilitéit, datt ee sech beim Aschreiwe bei der ADEM an de Laangzäitchômage geréit bei 16 Prozent. Interessanterweis sinn et grad Salariéen, déi ganz laang op enger Plaz geschafft hunn, déi och déi gréisste Probabilitéit hu laang keng nei Plaz ze fannen.
Dat erkläert sech engersäits doduerch, datt dësem Demandeur seng Kompetenze wéinst der Digitaliséierung net méi gefrot sinn. Oder awer dës Leit hate sech e gudde Status erschafft a sinn net bereet ee manner gutt bezuelten Job unzehuelen.
Mat de Resultater vu der Etüd kann d'ADEM an Zukunft méi genee Profiller vun de Leit erstellen, déi sech aschreiwen an och de Risiko vum Laangzäitchômage aschätzen.