Radioen

On air

Notturno  |  Dear Nora - Flowers Fading

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Teenager at risk

Fräie Mikro

Teenager at risk

Grad fir Teenager ass et schwéier auszehalen, datt si elo wéinst der Corona-Pandemie doheem musse bleiwen. Dat mengt déi fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch, d'Judith Reicherzer am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

D'Judith Reicherzer ass fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch. Foto: Archiv

Woch dräi, Dag eent - d'Schoule sinn zou. Am Ufank hate mir nach gehofft, mir, d'Schüler an Enseignantë géifen eis haut erëm gesinn. Elo hoffe mir virun a retten eis mat Homeschooling.

Déi technesch Problemer vum Ufank si geléist, mir gewinnen eis un den eLearning. De Ministère fiddert seng Plattform "Schoul doheem" all Dag mat neie Beispiller: Tutorials, Videochats, Online Challengen ... Vill Enseignantë versichen, hir Schüler mat flotten neie Methoden ze erreechen, a vill Schüler maachen nach mat.

Mee déi éischt gi midd. Net all Acteur packt déi enorm Erausfuerderung op déi selwecht Aart a Weis. Enseignantë mussen den Zäitmanagement maachen tëschent Schüler a Famill. Vill Eltere fillen sech iwwerfuerdert, well si mengen, si missten d'Roll vum Enseignant iwwerhuelen. D'Primärschüler kämpfe mam Clavier um PC.

"Pubertät ist die Hölle"

Mee am schlëmmsten trefft et eis Teenager. Déi meescht vun hinne ginn eens mat hirem Device a tippen hir franséisch Aufgab zur Nout och am Handy. Mais si ginn net eens mat sech selwer. "Pubertät ist die Hölle", steet bei eis am Lycée op enger Dier. Wierklech schlëmm gëtt et elo mam Hausarrest. Déi Jonk brauchen hir Kolleegen. Déi Erwuessen, speziell hir Elteren, fanne si schrecklech oncool. Mee elo si si mat hinnen agespaart. Dat ass wierklech Hölle.

Eis Lycéesschüler verkrauche sech an hire Kummeren, schlofe moies méi laang, ëmmer méi laang - a verléieren elo, no 15 Deeg Confinement, ëmmer méi hire Liewensrhythmus. Si chatten bis spéit owes cool mat hire Frënn, an nuets share si nach ee Meme no dem aneren. Si leiden, well si an der cooler WhatsApp-Grupp vun hirer Klass net mat dra sinn, si leiden, well si no hirer éischter grousser Léift verlaangeren, an déi och an der Quarantän sëtzt. A si leiden, well si mat kengem iwwer hir Problemer schwätzen.

Den Decrochage vun de Jonke verhënneren

Schonn an normalen Zäite schwätze si net gären doriwwer. Elo ass et nach méi schwéier. D'Psychologen an de Lycéeë maache Reklamm fir hir Hotlines, mee kee rifft un. D'Proffe gesinn, wéi grad déi schwaach Schüler vum Bildschierm verschwannen an erreeche si och net per Telefon. An d'Eltere schécke per Mail Hëllefsriff an d'Schoul: "ech weess net wat leeft, a mäi Kand schwätzt net mat mir, wat soll ech maachen."

D'Proffe mat Erfarung am eBac hu scho virun zwou Woche gewarnt, datt déi technesch Hürden an déi ganz Diskussiounen ëm Programmer a Prüfunge just een Deel vum Problem sinn. De groussen Challenge vun der Educatioun ass et elo, den Decrochage vun de Jonken ze verhënneren.

E Freideg fänkt d'Vakanz un. Vill Enseignantë freeën sech dorop fir e bëssi Loft ze huelen. Mee fir vill Jonker wäert dëst Vakanz eng Katastroph ginn. Wa si elo net encadréiert ginn, deconnectéieren ëmmer méi Teenager a chillen sech an hirer Kummer an d'Depressioun. Dat wier wierklech Hölle.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.