Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson & Circle - Lily

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tatta Tom: Kannergeschichte vun Inklusioun an Toleranz

Diversitéit

Tatta Tom: Kannergeschichte vun Inklusioun an Toleranz

D'Tatta Tom huet an de soziale Medien héich Welle geschloen. E Personnage dee sech als Drag-Queen verkleet, verzielt Kanner an der Escher Bibliothéik Geschichten. Dat ganzt leeft op fräiwëlleger Basis a meeschtens sinn d'Elteren derbäi. Bei de kannergerechte Geschichte geet et ëm Inklusioun Toleranz an LGBTQ-Themen.

auto_stories

2 min

Foto: Unsplash /y y

Lauschterenplay_arrow

Wann den Tom Hecker seng Märchestonn an der Escher Bibliothéik preparéiert, deet hie seng Drag-Queen Kleeder un, e bësse Glimmer derbäi an als Kroun nach e klengt Hirschgeweih. Hien ass dann d'Tatta Tom, e Personnage mat Fraekleeder an engem Baart. De Kanner am Alter tëscht sechs an néng Joer erzielt d'Tatta Tom da Geschichten, déi fir Kanner geschriwwe goufen, awer eben aus enger Vue déi d'Aspekter vu queere Leit beréiert.

"Et geet awer dann och net ausschliisslech dorëmmer. U sech ass d'Iddi lo net fir se domadder z'iwwerrennen, mee mat deene Geschichten och ze weisen, datt jiddereen do ass, jidderee ka sou sinn wéi en ass an dat och schéin a gutt esou ass."

Kanner ginn dacks ënnerschat

Et gouf vill Kritik, notamment vun der ADR an vun Déi Konservativ. D'Kanner wieren net prett fir esou en Theema a géifen ideologesch beaflosst ginn. Den Tom Hecker fënnt awer, datt d'Kanner ënnerschat ginn.

"Kanner sinn do vill méi oppe wéi mir Erwuessener. Mir sinn u sech déi, déi eis beschränktent Bild op d'Kanner projezéieren, anerersäits iwwerschätze mer dat Ganzt awer och andeems mer do vill ze vill Importenz drop ginn."

Den Tom Hecker ënnersträicht, datt et am Endeffekt just eng Märchestonn ass.

Tëschent Ufeindungen a Support

Et gouf an de soziale Medien Ufeindunge bis zu Morddreeungen. Datt dat elo no véier Joer op eemol geschitt féiert de Tom Hecker och op d'Walen zréck. Dat eleng wier awer keng Erklärung.

"An dann iwwerrascht et mech awer, datt mer elo mëttlerweil 2023 sinn, wéi gesot et ass net déi éischt Kannerliesung an datt do elo sou eng Polemik draus entsteet iwwerrascht mech schonn."

Vill Support koum dogéint aus der Politik, bis op d'ADR huet am Escher Gemengerot all Partei d'Aktioun ënnerstëtzt. Och an de soziale Medien hätt hien säi Bekanntheetskrees erweidert.

Mir haten och den den Tom Weidig vun der ADR kontaktéiert deen de Projet ganz schaarf kritiséiert huet. Hee wollt net um Mikro reagéieren, huet awer erkläert datt dat ganzt fir hien Queer Ideologie wier, déi bei Kanner näischt verluer hätt.