An der Schwäiz hate Medie virgëschter gemellt, datt et wéinst dem villen Télétravail an dem méi héije Gebrauch um Internet doheem, éischt Zeeche vun enger Iwwerbelaaschtung vum Reseau ginn hätt.
Hei zu Lëtzebuerg sot eis de Gérard Hoffmann, CEO vu Proximus Luxembourg, an deem Tango an Telindus sinn, datt et bei hinne keng Problemer mam Reseau géif ginn.
Et géif een eng considerabel Augmentatioun vum Trafic feststellen, virun allem bei de mobillen Appellen. "Eisen Internetreseau ass och staark sollicitéiert a mir gesinn eng staark Augmentatioun vum Datentrafic", sou den Direkter vu Proximus.
"Eise Reseau ass esou dimensionéiert, fir datt mer déi gréisser Volumme kënne bewältegen. Mir hu bis elo kee gréissere Souci, an eis Capacitéiten ginn definitiv duer."
Och dee gréissten Operateur, d'Post, sot eis, et géif den Ament keng Capacitéitsproblemer.
Xavier Bettel: No un engem Blackout
De Xavier Bettel äntwert op d'Fro no eventuelle Capacitéitsproblemer vun de Lëtzebuerger Datereseauen de Mëttwoch den Owend virun der Press: "Mir sinn un eise Limitten." Duerch d'Educatioun iwwer Distance wier d'Struktur bal iwwerfuerdert. Et wier kee Blackout ginn, mee et wier een no dru gewiescht.