Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tageblatt préift juristesch Schrëtt géint Roy Reding

No Publikatioun vun Handysnummer

Tageblatt préift juristesch Schrëtt géint Roy Reding

De Roy Reding huet d'Telefonsnummer vun engem Tageblatt-Journalist an engem Grupp vun Impf-Géigner op Telegram publizéiert. Et géif ee sech net aschüchtere loossen a juristesch Schrëtt préiwen, seet de Chefredakter vum Tageblatt, den Dhiraj Sabharwal.

auto_stories

2 min

De Roy Reding huet d'Handysnummer vun engem Tageblatt-Journalist op Telegram pubizéiert. Symbolbild. Foto: Bigstock / Preto Perola

An engem Grupp vun Impf-Géigner beim Messaging-Service Telegram, huet den ADR-Deputéierte Roy Reding rezent d'Telefonsnummer vun engem Tageblatt-Journalist mat verëffentlecht, zesumme mat Froe vum Journalist an d'Äntwerte vum Politiker dorop: an dësem Grupp mam Numm "NëtgepicktLU2.0" mat iwwer 300 Membere war dee Journalist als "Spitzel vun der Gestapo" vernannt ginn.

Dëst Verhale géif weisen, wat de Roy Reding vun der fräier Press hält, nämlech absolut guer näischt, esou d'Reaktioun am 100,7-Interview vum Tageblatt-Chefredakter Dhiraj Sabharwal.

Et géif bestätegen, wéi de Politiker a seng "riets-populistesch Partei" fonctionéieren. Dëst Verhale wier "nidderträchteg a wierklech geféierlech", ënnersträicht de Chefredakter. Hie gesäit dat als Aschüchterungsversuch duerch den ADR-Politiker: Ee Journalist hätt sollen ënner Drock gesat ginn an e Maulkuerf opkréien.

"Mir loossen eis awer sécher net aschüchteren a mir préiwen och grad rechtlech Schrëtt."

Den Tageblatt-Journalist, deem seng Nummer vum Roy Reding verëffentlech gouf, wier vu Leit am Telegram-Grupp harceléiert ginn, esou den Dhiraj Sabharwal.

"Gängeg Mëttel vum Rietspopulismus"

Firwat huet den ADR-Deputéierten a Member am Stater Gemengerot Roy Reding d'Telefons-Nummer vum Tageblatt-Journalist am Telegram-Grupp verëffentlecht?

Dës Fro beäntwert de Roy Reding op Nofro domat, him wier dat net bewosst gewiescht, hien hätt d'Signatur vun der Email net gelies. Dozou seet den Tageblatt-Chefredakter:

"Den Här Reding wosst ganz genee, wat hie géif maachen. Et ass e schlechte Ligener, well et ass esou kloer, dat doten ass e Versuch Drock op déi fräi Press auszeüben, an dat och nach mat de gängege Mëttele vum Rietspopulismus. Dat kenne mer aus dem Ausland, an do sollte mer ganz gutt oppassen."