Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Flamingods - Tall Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Table-Ronde: Logement a Mobilitéit

Gemengewahlen

Table-Ronde: Logement a Mobilitéit

Den Immobiliemaart boomt. Fir Leit mat klengen a mëttlere Revenue verschwënnt bezuelbare Wunnraum. De Verkéier ass mëttlerweil en ökologeschen an ekonomesche Problem fir d'Land. An der Analys si sech d'Gemengepolitiker eens - bei de Léisungsvirschléi ginn et Differenzen.

auto_stories

7 min

Wunnenge fir jiddereen

Fir d'Mëttelschicht géing et déi nei Méiglechkeete gi vun de Baulandverträg, seet d'Josée Lorsché (déi gréng). Wann e Proprietaire Bauland huet am Bauperimeter, da gëtt deen Terrain no sechs Joer zréckklasséiert an d'Gréngzon wann en net bebaut gëtt. Dat géing de Gemenge vill Méiglechkeete ginn, fir iwwert Virkafsrecht un Terrainen ze kommen. An d'Gemeng kéint an deem Fall fir eng sozial Mixitéit suergen.

De Bau u sech wär zu Lëtzebuerg net méi deier ginn, mä d'Terrainspräisser wären explodéiert, erkläert de Yves Wengler (CSV). Do kéinten d'Gemengen iwwert d'Emphytéose aktiv ginn. Dat géing een zu Iechternach fërderen. Iwwert dee Wee wär de Quadratmeterpräis op 3.000 Euro de Meter Carré gedréckt ginn. Am nationalen Duerchschnëtt läit de Quadratmeterpräis bei 5.600 Euro. An der Stad Lëtzebuerg sinn et 7.700 Euro.

V.l.n.r.: De Claude Lamberty (DP), den Yves Wengler (CSV), an de Gilles Carlizzi (ADR).

De Gilles Carlizzi (ADR) ass géint d'Emphytéose. D'ADR ass fir de "Portage foncier", wou den Terrain an enger éischter Phase fir e symboleschen Euro zur Verfügung gestallt gëtt. Den Terrain sollt eréischt bezuelt ginn, wann de Prêt vum Bau ofbezuelt wär.

De Marc Angel (LSAP) ënnerstëtzt de Baulücke-Projet vum DP-Grénge Schäfferot an der Stad: "Mä dat ass awer just eng Drëps op de waarme Steen". Et géing an der Stad eng Diskriminatioun um Marché ginn. Esou wär et fir eng elengerzéiend Mamm ganz schwéier eng Wunneng ze fannen. D'Stad Lëtzebuerg hätt net genuch gemaach fir generell abordabele Wunnraum ze schafen. Dem Marc Angel no sollt de Bauperimeter an der Stad vergréissert ginn.

Incitéieren oder bestrofen?

"Gebraucht gi bis zu 7.000 nei Wunnengen d'Joer - aktuell sinn et bis zu 3.000. De Promoteuren ass d'Feld iwwerlooss ginn an déi baue fir Leit, déi Suen hunn", seet de Guy Foetz (déi Lénk) D'Locatioun géing net genuch ënnerstëtzt ginn. D'privat Promoteuren hätte massiv Terrainen opkaf - amplaz missten d'Gemengen do méi aktiv ginn.

D'Besteierung op eidel Wunnengen an net bebauten Terraine wär eng legal Mesure, déi méi genotzt misst ginn, fënnt de Marc Angel (LSAP). Just aacht Gemenge vun zéng hätten esou eng Taxe agefouert, a just zwou géinge Bauterrainen extra besteieren.

"Mir sinn als Demokratesch Partei géint Bestrofungen an dofir, d'Leit ze motivéieren hir Terrainen ze verkafen", seet dozou de Claude Lamberty. Et ginn 957 Hektar Baulücken zu Lëtzebuerg, seet den DP-Politiker. Iwwert de Baulückenprogramm kéint déi sozial Mixitéit an de Gemenge geséchert ginn. Dofir missten d'Gemengeresponsabel, d'Proprietairen am direkte Kontakt motivéieren, fir hir Terrainen ze verkafen.

De Gilles Carlizzi (ADR) ass fir méiglechst wéineg Interventiounen an de fräie Marché: "De Privatpromoteuren an de Privatstéit dierfe keng Steng an de Wee geluecht gi mat onmoossegen Oplagen". Doduerch géing de Logement nach méi deier ginn.

Soziale Wunnengsbau: kommunal Promoteuren?

D'Gemeng soll net selwer zu enger Baufirma ginn an a Konkurrenz trieden zu den zwee ëffentleche Promoteuren, dem Fonds du Logement an der SNHBM, fënnt de Claude Lamberty (DP). D'Gemeng soll awer, wa se kann, all Méiglechkeet ergräifen, fir kenne Wunnengen an Haiser opzekafen.

"Ech sinn der Meenung, datt all Player um Marché gutt ass", fënnt par konter den Yves Wengler (CSV). D'Gemenge misste selwer och Promoteur kënne ginn, fir soziale Wunnraum.

De Guy Foetz (déi Lénk) fuerdert eng kommunal Wunnengsbaugesellschaft fir d'Stad Lëtzebuerg.

An de leschte fënnef Joer sinn der Josée Lorsché (déi gréng) no zu Beetebuerg 14 Sozialwunnenge geschaaft ginn (op eng Populatioun vun 11.000 Awunner). An den Office social vu Beetebuerg hätt seng eegen "Agence immobilière sociale" gegrënnt, fir eidel Wunnenge besat ze kréien. An de 24 Joer wou d'LSAP d'Gemeng gefouert hat, wär keng eenzeg Sozialwunneng gebaut ginn.

D'Stad Lëtzebuerg hätt net genuch sozial Wunnengen, seet de Marc Angel (LSAP). 354 Sozialwunnenge plus 191 Wunnenge fir Persounen "à besoin spécifique" a fir eeler Leit géingen net duergoen. Dem Marc Angel no feelt et un engem grousse Projet fir soziale Wunnengsbau a der Stad - wéi viru 25 Joer an der Sauerwiss.

An der Stad géing et just ee Prozent Sozialwunnenge ginn, seet de Guy Foetz (déi Lénk). Zu Tréier, op eng Populatioun, déi där vun der Stad Lëtzebuerg entsprécht, léich de Prozentsaz u Sozialwunnenge bei 16. Och d'Mëttelschicht, Jugendlecher a jonk Famille wieren op esou eng Offer ugewisen.

De Gilles Carlizzi (ADR) begréisst d'Logementspolitik vum Schäfferot zu Déifferdeng. Et wäre vill Sozialwunnenge bäikomm. Et géing awer un engem Konzept fir de Bau vu Sozialwunnenge feelen. Grouss Projete fir Sozialwunnenge kéinten awer ee Sécherheetsproblem mat sech bréngen. Et misst ee sozial Ghettoen evitéieren.

V.l.n.r.: De Guy Foetz (déi Lénk), de Marc Angel (LSAP) an d'Josée Lorsché (déi Gréng).

Staatlechen Interventionismus

De Gilles Hempel, Direkter vun der "Agence immobilière sociale", hat gedeckelt Loyeren an d'Zwangsverpachtung vun Terraine gefuerdert fir déi héich Logementspräisser an de Grëff ze kréien. Wat soen d'Parteievertrieder?

  • ADR: dogéint
  • CSV: dogéint
  • DP: dogéint
  • déi gréng: Loyere sollen net iwwer eng Limitt vu fënnef Prozent vum Invest klammen - esou wéi am Gesetz virgesinn. Kommunal Mietkommissioune missten opgewäert ginn a méi Kompetenze kréien. Géint Zwangsverpachtung.
  • LSAP: Loyersgrenz muss kontrolléiert ginn. Zwangsverpachtung wann néideg, privilegiéiert den Dialog mat de grousse Proprietairen
  • déi Lénk: dofir

Mobilitéit: gratis ëffentlechen Transport

Lëtzebuerg huet bal 600.000 Awunner. Dovunner deplacéiere sech all Dag 200.000 Leit op a vun hirer Aarbecht. Dobäi kommen all Dag ronn zousätzlech 200.000 Frontalieren. D'Vetrieder aus allen Parteie sinn sech eens, datt de Mobilitéitsproblem op allen Niveaue muss ugepaakt ginn: lokal, regional, national an iwwerregional. Kommunal Mobilitéitskonzepter hätte just e limitéierten Impakt.

En integral gratis ëffentlechen Transport wär keng global Léisung fir de Verkéiersproblem, fannen d'Gemengepolitiker. Den Transport wär zu Lëtzebuerg ganz bëlleg an och den Utilisateur misst säin Deel zu den héijen Investitioune beim ëffentlechen Transport bäidroen, fënnt d'Josée Lorsché (déi gréng). Dofir dierft den ëffentlechen Transport net ganz gratis ginn. De Gilles Carlizzi (ADR) ass fir eng ganz Gratuitéit, de Guy Foetz (déi Lénk) och.

Méi wichteg wier, datt den ëffentlechen Transport och effikass ass, fënnt de Claude Lamberty (DP). D'Leit sollen do wunnen, wou si schaffen, fënnt de Marc Angel (LSAP). An der Stad Lëtzebuerg wären 33 Prozent méi Aarbechtsplaze wéi Wunnengen. Do misst anescht geplangt ginn.

D'Wuesstemsfro

Hannert dem Verkéiersproblem an der Wunnengsnout steet de Wuesstem vun der Wirtschaft an dem Emploi. Wéi an ob dee Wuesstem begrenzt soll ginn, doriwwer hunn d'Gemengepolitiker ënnerschiddlech Meenungen.

D'Rifkin-Etude géing weisen, wéi de Wuesstem besser organiséiert kéint ginn, seet de Marc Angel (LSAP). Esou kéint den digitale Wandel nei Wuesstemsméiglechkeete bréngen.

"De Wuesstem muss begrenzt ginn, an eng dezentral Organisatioun ass néideg" seet de Guy Foetz (déi Lénk). D'Zentralisatioun an der Haaptstad misst gebrach ginn, fir eng besser Mobilitéit a méi bezuelbare Wunnraum ze kréien - zum Beispill mat enger méi héijer Gewerbesteier.

"Mir däerfen eis net méi vum Wuesstem iwwerrenne loossen", seet d'Josée Lorsché (déi gréng). Dofir misst de Wuesstem besser organiséiert ginn. Och de Gilles Carlizzi (ADR) plaidéiert fir e qualitativen an intelligente Wuesstem.

"Eng däitsch Bank ka jo och op Iechternach kommen am Plaz an d'Stad. A firwat mussen 20.000 Staatsbeamten an der Stad schaffen?", freet de Yves Wengler (CSV). Fir hie gëtt et nach vill Wuesstemspotential am Osten an am Norde vum Land.

"De Wuelstand zu Lëtzebuerg baséiert op Wuesstem", seet de Claude Lamberty (DP). Lëtzebuerg bräicht intelligente Wuesstem, fir d'Liewensqualitéit kënnen ze halen.