Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Table-Ronde: Finanzen an Integratioun a klenge Gemengen

Gemengewahlen

Table-Ronde: Finanzen an Integratioun a klenge Gemengen





Mat der Reform vun de Gemengefinanze ginn et Gewënner a Verléierer. Wat bedeit dat fir déi politesch Prioritéiten an de Gemengen? Wat gëtt fir d'Integratioun an d'Participatioun vun Auslänner gemaach? Iwwerhuelen d'Gemengen hir Responsabilitéit fir Flüchtlingen op ze huelen? Am Kader vun der offizieller Mediecampagne fir d'Gemengewahlen diskutéiere Politiker vu Majorz- a klénge Proporzgemengen.

auto_stories

7 min

Mat der Reform vum LSAP-Inneminister ginn déi staatlech Gelder fir d'Gemengen no engem neie sozio-ekonomesche Schlëssel verdeelt. 1,7 Milliarde kréien d'Gemenge vum Staat. Am Duerchschnëtt kréie mat der Reform d'Gemengen 2.900 Euro pro Awunner. Déi eng eppes méi déi aner manner. Zil vun der Reform war et méi Gerechtegkeet an de System ze kréien.

Reform vun de Gemengefinanzen: Verléierer a Gewënner

"Et gi keng Gewënner a Verléierer duerch d'Reform", seet d'LSAP-Buergermeeschtesch vu Monnerech. Der Circulaire vum Inneminister no géing hir Gemeng an Zukunft eng Millioun Euro méi staatlech Ënnerstëtzung kréien. D'Christine Schweich ënnersträicht, datt generell d'Südgemenge méi héich sozial Facteure missten droen, déi aner Gemengen net hätten.

Bei der Reform vun de Gemengefinanze wier et drëm gaange fir Transparenz a sozial Gerechtegkeet an de staatleche Subventiounssystem vun de Gemengen ze kréien. Laang Joren hätt et eng ganz grouss Ongerechtegkeet gi wou Bierger aus de verschiddene Regioune vum Land ënnerschiddlech bei der kommunaler Verdeelung vun de staatleche Gelder traitéiert gi wären. "Mat dëser Reform ass dat net méi de Fall", esou d'Christine Schweich.

An der Gemeng Buerschent gesäit een dat anescht. Et wär een e klore Verléierer vun der Reform, seet d'Annie Nickels-Theis, d'Buergermeeschterin vun der Majorzgemeng a Member vun der CSV. Quitt datt Kompensatioune virgesi wären, géing Buerschent awer 200.000 Euro manner kréien. "Eisen Nodeel ass, mir sinn territorial eng immens grouss Gemeng, mat iwwert 3.600 Hektar. Par konter hu mir just 1.800 Awunner déi op aacht eenzel Dierfer verdeelt sinn. Dat bréngt immens grouss Käschte fir eis mat". Déi flächenintensiv Gemenge wieren d'Verléierer vun der Reform

"D'Gemengefinanzreform ass gemaach gi well et eng enorm Ongerechtegkeet ginn ass", seet de Max Hahn (DP), Schäffen zu Dippech. Tëscht Wäisswampech a Rëmeleng wier et virun der Reform eng Differenz gi bei der Verdeelung vu staatleche Gelder vu 77 Prozent. Mat der Reform vun der Regierung wier den Ecart, tëschent deem deen am meeschten an deem deen am mannste kritt, op 40 Prozent erof gaangen. Dobäi wier kenger Gemeng eppes ewech geholl ginn. "De Staat léisst sech dës Reform ëmmerhin 110 Milliounen Euro kaschten."

Duerch d'Reform vun de Gemengefinanze kritt Wëntger am Plaz 3.100 Euro am Joer 2015 pro Awunner elo nach 2.630 Euro. Dräi Veierel vun de Recettë sinn zu Wëntger iwwer staatlech Gelder era komm. "Eng Ongerechtegkeet ass duerch eng aner ersat ginn", seet de Jeff Engelen, ADR-Member a Gemengerot zu Wëntger. "Mir verléieren, wann d'Reform bis 2021 eriwwer ass, all Joer 1,9 Milliounen Euro géigeniwwer dem ale Berechnungsschlëssel. Do kann een net vun enger gelongener Reform vun de Gemengefinanze schwätzen."

Manner Leit géifen net manner Käschte bedeiten. Elo misst sech d'Gemeng Wëntger a ville Beräicher aschränken. Dobäi kéim nach, datt Wëntger 1,6 Milliounen Euro an de Beschäftegungsfong misst bezuelen. Virdru wieren dat 61.000 Euro gewiescht. Alles an allem géif Wëntger bal véier Milliounen Euro verléieren, seet den ADR-Gemengeconseiller. "Dat sinn 20 Prozent vun eisem Budget, wéi wëll dir do nach Kläranlage bauen".

Et muss nogebessert ginn

Bettenduerf hätt vill sozial méi schwaach Leit bei sech wunnen, seet d'Member vum Gemengerot Suzette Serres. D'Gemeng géif duerch d'Reform eng 200.000 Euro méi kréien. Dat géif et erlabe wichteg sozial Investissementer ze maache fir sozial schwaache Leit entgéint ze kommen. Allgemeng misst bei der Reform vun de Gemengefinanzen nach emol nogebessert ginn. Bettenduerf wier un d'Kläranlag vun der Bleesbréck ugeschloss, do misste grouss Investitioune getätegt ginn.

De Gérard Anzia begréisst, datt duerch d'Reform dem soziale Facteur an enger Gemeng Rechnung gedroe gëtt. Et wier och falsch ze mengen, datt et just am Süden oder a Ballungsgebidder sozial problematesch Fäll géing ginn. Dat géing bedeiten, datt och déi ländlech Gemengen e ganze Pak méi geziilt staatlech Hëllefe bräichten. "Bei den Office socialen ass et net de käschtendeckende Waasserpräis deen de Leit Problemer mécht, mee déi héich Loyeren". Gemenge missten dofir suergen, datt méi soziale Wunnengsbau entsteet.

Der Buergermeeschtesch vu Buerschent Annie Nickels-Theis no wier d'Gemengefinanzreform bluttnéideg gewiescht, do wier sech jiddereen eens. Mee et kéint een de Verdeelungsschlëssel nach nobesseren. Vill Gemengen aus dem Norde géingen elo schonn iwwert der neier Prokappmoyenne leien, seet déi sozialistesch Buergermeeschtesch vu Monnerech. "Wéivill Joer hu mir (Südgemengen) déi Suen net kritt, déi déi aner Gemenge kruten?" Wichteg wier, datt elo méi Gerechtegkeet am System wier. "Well ee Bierger aus dem Norden ass genau esouvill wäert wéi ee Bierger aus dem Süden", esou d'Christine Schweich.

Flüchtlingsquoten: pro a kontra

Zu Lëtzebuerg liewen 48 Prozent Auslänner, déi mat ënnerschiddleche Prozentsätz an de Gemenge verdeelt sinn. Esou hunn zum Beispill op 2.800 Awunner zu Bettenduerf, 43 Prozent kee Lëtzebuerger Pass, seet d'Suzette Serres. Zu Wëntger liewe 25 Prozent Auslänner. Hie selwer wéisst net, wat hiren Undeel a senger Gemeng ausmëscht, seet de Jeff Engelen. Am Gemengerot vu Wëntger géif een d'Differenz tëscht auslänneschen a Lëtzebuerger Residenten net maachen. "Mir kucken de Mënsch", esou den ADR-Member.

Monnerech huet en Undeel vu 27 Prozent Auslänner an iwwer 250 Flüchtlingen, zu Buerschent sinn et 35 Prozent auslännesch Bierger, Dippech huet der 22 Prozent. Fir datt sech nei auslännesch Wieler aschreiwe fir d'Wahlen, oder Kandidaten sech opstelle missten d'Gemenge proaktiv virgoen, seet de Gérard Anzia. Dem grénge Schäffe vun Useldeng no wier et schwiereg fir auslännesch Wieler ze mobiliséieren. "Et muss een Ausdauer hunn".

An de Gemenge géifen heefeg just viru Wahle punktuell Aktioune gemaach ginn, dat géing dann och just punktuell Resultater bréngen. Dem Gérard Anzia no misst ee vill méi systematesch auslännesch nei Bierger an de Gemengen uschwätze wann si an d'Gemeng plënneren - mee och Lëtzebuerger. Déi direkt perséinlech Demarche géing am meeschte bréngen, seet d'Annie Nickels-Theis. "En Informatiounsblat geet net duer fir d'Leit ze mobiliséiere fir sech op d'Wielerlëschten anzeschreiwen". Woubäi der Buergermeeschtesch vu Buerschent no déi Betraffen sech selwer och dofir missten interesséieren.

D'Suzette Serres (déi Lénk) ënnersträicht d'Wichtegkeet vun de Veräiner an der politescher Mobilisatioun. Dat géing awer net duer goen. "Et ass de Gemengeresponsabelen hir Aufgab sech ferm dohannert ze klemmen". D'Suzette Serres zitt d'Konklusioun, datt et net vill Vermëschung géing ginn tëscht de verschiddenen auslännesche Communautéiten an enger Gemeng.

"Vill sinn der enttäuscht, datt sech net méi Auslänner fir d'Wahlen aschreiwen. Wëllen déi dat iwwerhaapt?", freet de Jeff Engelen (ADR). Et misst een och de perséinleche Wëlle vun den Auslänner respektéiere fir sech net fir d'Wahlen anzeschreiwen. "Mir hu ganz vill auslännesch Frënn déi kommen."

Integratioun dierft net gläichgestallt gi mat Auslänner, déi sech aschreiwe fir wielen ze goen, esou de Max Hahn (DP). "Och wann een de Stacklëtzebuerger géing froe fir sech op eng Wielerlëscht an ze schreiwen, wéisst hien net ob deen dat géing maachen".

Integratioun misst praktesch um Terrain passéieren. En nationalen Aktiounsplang fir Integratioun, wéi d'Auslännerorganisatioun ASTI e fuerdert, wier zwar um Pobeier eng gutt Saach. Um Terrain géingen Aktiounspläng näischt bréngen, seet d'Christine Schweich. "Mir si Mënschen. Mir kënnen net jiddereen an eng Këscht kartonéieren." Do misst individuell an enger Gemeng mat de jeeweilegen Auslänner gekuckt gi wat am Beschte funktionéiert." De Gérard Anzia begréisst d'Initiative vun der ASTI.

Fir oder géint Flüchtlingsquoten?

An der Ëffentlechkeet ass et roueg gi ronderëm d'Thema Flüchtlingen. All Dag kommen awer weiderhin néi Leit zu Lëtzebuerg un. Am August waren et 182 Persounen. Op dat ganzt Joer 2017 gekuckt hunn iwwer 1.500 Leit eng Asyldemande gemaach. Zanter 2014 sinn et iwwer 7.000 Persounen. Déi Leit sinn am Land verdeelt, ongläichméisseg an dacks isoléiert a net gesinn.

Déi Gréng si géint Flüchtlingsquoten. Woubäi dem Gérard Anzia no d'Gemengen ënnert sech regional Léisunge misste fanne fir Flüchtlingen opzehuelen an ze verdeelen. D'Suzette Serres vun déi Lénk fuerdert regional Flüchtlingsquoten. "Datt néierens der ze vill sinn, an néierens ze mann." Si hätt schonn zu Zäite vu viregte Regierunge Flüchtlingsquote gefuerdert, esou Annie Nickels-Theis (CSV). "Mat enger oder zwou Famille vu Flüchtlinge kann e gutt liewen - wa si sech integréieren", fënnt de Jeff Engelen aus der Proporzgemeng Wëntger, déi 4.200 Awunner huet. Generell ass den ADR géint Flüchtlingsquoten, wéi och d'LSAP an d'DP.

De Max Hahn begréisst, datt den "Haut Commissariat à la protection nationale" Sitte fir Flüchtlingen detektéiert, déi gutt un den ëffentlechen Transport ugebonne sinn a wou déi néideg Infrastrukture bestinn. "Et wier de falsche Wee fir dat iwwer Quoten ze reegelen". Den DP-Politiker ënnersträicht, datt sech Integratioun generell iwwert d'Schoul an d'Sprooch géing maachen. "Wann een déi éischt Generatioun wëllt integréieren, da muss een driwwer nodenke fir se méi fréi op den Aarbechtsmaart ze kréien."