D'Antonia Afonso Bagine ass bei de Walen den 11. Juni vun hirer Popularitéit iwwerrascht ginn. Zwar war si motivéiert, mee an éischter Linn wollt si déi sozialistesch Partei iwwerhaapt mol ënnerstëtzen. Elo wëll si dem Wielerwëlle gerecht ginn, seet d'Antonia Afonso. Si wëll d'Stëmm vun den Net-Lëtzebuerger sinn.
"Nous non-luxembougeois, c'est le temps que les politiciens nous écoutent. On a besoin de quelqu'un qui nous écoute. Nous ne sommes pas là que pour travailler. C'est pour ça que je suis là. C'est du temps d'écouter les non luxembourgeois."
Human Wäerter an ee Sënn fir Gerechtegkeet
Si weess, vu wat si schwätzt. Selwer huet d'Antonia Afonso jorelaang fir de Mindestloun geschafft. Doduerch wéisst si genau, wat et heescht, am Alldag Ongerechtegkeeten ausgesat zu sinn, esou déi nei Stater Conseillère.
"Je regardais les autres aussi, même si ça ne me fait pas mal, moi je regarde les autres et ça me fait mal aussi."
An dunn huet si sech dofir entscheet, aktiv ze ginn. Op der Sich no enger Plaz fir sech ze engagéieren, ass si op d'Aarbecht vun de Gewerkschafte gestouss. An Tëschenzäit Delegéiert beim LCGB konnt si sech mat villen Aarbechterinnen an Aarbechter austauschen, a virun allem d'Problemer vun den Net-Lëtzebuerger observéieren.
"Du logement, parce que la moitié ou même plus de notre salaire c'est pour l'habitation. C'est déjà une grande déségalité. De sécurité et de l'école. Et c'est là que je voulais qu'on commence."
Hier human Wäerter an hire Sënn fir Gerechtegkeet sinn et, déi si derzou bruecht hunn, sech beim chrëschtleche Gewerkschaftsbond ze engagéieren. Si ass och Member vun der portugisescher kathoulescher Communautéit.
D'Relioun ass ee wichtege Pilier an hirem Liewen. Hire Liewenspartner huet si am Kierchechouer kënnegeléiert. Gott ass fir si awer méi wéi just sangen.
"C'est mon Dieu qui m'a envoyé. Parce que je dis que je suis messagère de Dieu. C'est lui qui m'a envoyé pour faire le chemin, pour montrer aux autres que c'est possible."
D'Identifikatioun mat der LSAP
De Parcours kann een als - fir Lëtzebuerg - ongewéinlech beschreiwen: Als Gewerkschaftlerin beim LCGB mat enger enker Verbindung zur Kierch, fënnt si 2017 an der LSAP déi Partei, mat där si sech am beschten identifizéiere kann.
"Je comprends, il y a la chaleur humaine des gens qui nous approchent 'aah LSAP, je suis socialiste dans mon pays.' C'est pour ça que j'ai dit je suis bien dans le LSAP. C'est un parti qui défend les valeurs sociales. C'est nous, les socialistes."
Als Sproochrouer vun den Net-Lëtzebuerger am Gemengerot wäert d'Antonia Afonso op een albekannte Problem zu Lëtzebuerg stoussen: si schwätzt nach kee Lëtzebuergesch. Och do gesäit si sech als Beispill fir vill Net-Lëtzebuerger.
"J'ai commencé à faire les cours en Luxembourg en 2011. Après j'ai dit: 'non, c'est difficile, je peux pas continuer, je vais arrêter.' Cela me fait mal maintenant. Mais depuis le mois de septembre, je fais le cours de Luxembourgeois. C'est bien, et on ne peut pas être bloqué nous-mêmes. Parce que moi-même j'ai bloqué plein de fois: 'Ah non, j'arrive pas, je sais pas si je peux.' Mais non! On va!"
Op d'Fro, op am Stater Gemengerot trotzdeem wäert op hiren Avis gelauschtert ginn, huet d'Antonia Afonso eng kloer Äntwert:
"Je pense que oui, ils vont nous écouter. Parce que sinon, on va avoir un problème."