Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Syvicol: Gemenge si sech bewosst, datt se nei Weeër musse goen

Verkéiersberouegend Moossnamen

Syvicol: Gemenge si sech bewosst, datt se nei Weeër musse goen

De Syvicol begréisst déi nei Direktiv vum Mobilitéits- an Inneministère fir de motoriséierte Verkéier an de Gemengen ze berouegen. D'Direktiv soll de Gemengen nei Outile gi fir Foussgänger a Vëlosfuerer ze prioriséieren. Et sollen zum Beispill méi 30er-Zonen ëmgesat ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Mat bauleche Mesurë wéi Blummendëppen um Bord vun der Strooss soll och garantéiert ginn, datt een d'Vitesse anhält. Obligatoresch sollen sou Mesurë just fir nei Projete sinn.

De gréisste Problem wier deen, datt an der Vergaangenheet ëmmer fir den Auto geplangt gouf awer net fir d'Leit, fënnt den Emile Eicher, President vum Syvicol. Ee Problem, dee mat den neien Direktive sollt geléist ginn.

De Mënsch virum motoriséierte Verkéier

Den Emile Eicher nennt d'Dokument eng "Bibel, déi an de leschten Detail geet".

D'Zil vum Mobilitéits- an Inneministère: bannent den Uertschafte soll de Mënsch rëm virum motoriséierte Verkéier Prioritéit kréien. Den Emile Eicher erwaart sech, datt d'Gemenge vill Demandë fir nei Projeten un de Ministère stelle wëllen. Hien hätt vu kenger Gemeng héieren, déi gesot hätt, datt se dat net packe géif.

"Ech mengen éischter de Contraire. Ech hunn éischter dat Gefill, datt d'Gemenge sech bewosst sinn, datt se musse fir hir Bierger investéieren an och nei Weeër goen."

Méi Zesummenaarbecht

Iwwer d'Direktiven iwwerrascht war de Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour, Vincent Reding. Dem Wort géigeniwwer sot hien, datt een an der Gemeng zanter Joren drop waarde géif, verkéiersberouegend Moossnamen accordéiert ze kréien. Fir d'Ëmsetze vu Projeten ze vereinfache sollten d'Gemengen an net méi ponts et chaussées fir déi national Stroossen zoustänneg sinn.

Dat gesäit den Emile Eicher vum Syvicol net onbedéngt sou. Mee et misst effektiv besser tëschent Gemeng, ponts et chaussées a Ministère zesummegeschafft ginn.

Eng Plattform fir Projete méi séier ze accordéieren

Mam Inneministère géif et zum Beispill eng Plattform ginn, wou sech systematesch iwwer den aménagement communal ënnerhale gëtt. Do wieren och Leit aus verschiddenste Beräicher dobäi.

"Ech kéint mer virstellen, datt een deenen och sou Befugnisser kéint ginn oder eben eng änlech Plattform maachen, déi sech méi spezifesch géif em déi Theme këmmeren a wous de relativ schnell eng Äntwert kéints kréien."

Sou kéinte verkéiersberouegend Projeten a Gemenge méi séier accordéiert an ëmgesat ginn, mengt de Syvicol-President a Clierfer CSV-Schäffen Emile Eicher.