Energie aspueren Syvicol fuerdert staatlech Berodung fir Energieverbauch bei de Gemengen ze reduzéieren

D'Präisdeierecht am Beräich vun der Energie trëfft och ëffentlech Träger wéi Gemengen. Grad ewéi Privatleit mussen och si sech iwwerleeën, wéi se Energie aspueren an doduerch gläichzäiteg Käschte reduzéiere kënnen.

Vesna Andonovic / cz

Emile Eicher, président du Syvicol
Foto: SIP/JULIEN WARNAND

Lauschteren

D'Gemenge kéinten duerchaus mam gudde Beispill virgoen, fënnt den President vum Syvicol. Dat wier och schonns deelweis de Fall, sou den Emile Eicher. Verschidde Gemengen hätten zum Beispill schonn annoncéiert hir Piscinnen éischter zouzemaachen oder se net méi ze hëtzen. Verschiddener wéilten an Zukunft eng Partie Gebaier manner beheizen an esou mann weéi méiglech notzen.

Weider Pisten déi d'Gemengen hätte fir Energie ze spuere wiere Beliichtunge vu Gebaier a Monumenter oder och Stroossebeliichtungen ze reduzéieren.

Dës Mesurë kéinte mam Klimapakt anenee gräifen, mengt de Syvicol-President. Haaptsaach wier, datt d'Gemenge sech elo dës Gedanke géife maachen an och direkt mat hiren Techniker géife kucken, wéi eng Mesuren an a wéi engen Delaien dat iwwerhaapt machbar wieren.

15 Prozent Aspuerung si machbar

Den Energieministère hätt versprach am September eng Partie Propositioune fir Energie ze spuere virzeleeën. Den Emile Eicher fuerdert dofir, datt den Energieministère Beroder bei d'Gemenge schéckt fir se ze ënnerstëtzen an déi Virschléi maachen, déi an der Praxis ëmzesetze wieren.

Mat guddem Wëllen, Mënscheverstand a Kooperatioun wieren déi vun der EU gefuerdert 15 Prozent Reduktioun beim Energieverbrauch duerchaus erreechbar, seet den Emile Eicher.

D'Käschtenexplosioun ass e Probleem

De President vum Syvicol gesäit de Probleem éischter bei der Inflatioun. Och d'Gemengen hätte Probleemer fir ëmmer méi deier Energiekäschten ze bezuelen.

Dofir misst de Staat seng finanziell Engagementer vis-à-vis vun de Gemengen awer op Basis vun der Realitéit vun de Marchéen halen, esou nach den Emile Eicher vum Syvicol. Dat géing bedeiten ënnert anerem verschidden a sengen A realitéitsfriem Plaffongen of ze schafen - op Basis vun deenen den Ament Subventioune géife verdeelt ginn.

Méi zum Thema

D'Tripartite soll en Dënschdeg rëm zesummekommen
Preparatioun vun der Tripartite

D'Reunioun mat OGBL, LCGB a CGFP ass op en Donneschdeg néng Auer geluecht ginn. Nieft dem Xavier Bettel sollen d'Finanzministesch, de Wirtschaftsminister an den Energieminister mat um Dësch sëtzen.

Michel Reckinger
Wirtschaft

Am Virfeld vun der nächster Tripartite soen d'Entreprisen, si hätte wéinst der Inflatioun mat engem Kafkraftverloscht ze kämpfen. Si kéinten net déi ganz Präisdeirecht un d'Cliente viruginn, esou de Michel Reckinger.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen