Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Moss - Enough

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Syresch Kurden: komplizéiert Allianzen

Syrien

Syresch Kurden: komplizéiert Allianzen

Zanter den tierkeschen Ugrëff op den Nordoste vu Syrien Ufank Oktober, stinn déi syresch Kurden ënner Drock fir hir Sécherheet a politesch Zukunft a Syrien ze verteidegen. Esou hunn déi zwou grouss a verfeint kurdesch-syresch politesch Fraktiounen dës Woch laang erwaarte Mesurë geholl fir sech méi no ze kommen. Dëst war zanter dem Ufank vum syresche Krich ëmmer erëm feelgeschloen.

auto_stories

3 min

"Zanter dem Ufank vum Krich a Syrie sinn déi syresch Kurden zwee verschidde Weeër gaangen. Mat der Zäit sinn zwou Fraktiounen entstanen, déi haut duerch grouss ideologesch a politesch Differenze getrennt sinn".

Den Amjad Othman ass Spriecher vum Syreschen Demokratesche Rot, de politeschen Aarm vun de Sträitkräfte vun der Autonomieverwaltung an Nordost-Syrien, d'SDF.

Déi kurdesch geféiert Autonomieverwaltung ass haut de wichtegsten Acteur an der syresch-kurdescher Politik. Dës Autonomieverwaltung huet sech iwwer d'Krichsjoren am Nordoste vu Syrien etabléiert, kontrolléiert haut de facto ëm 30 Prozent vum syreschen Territoire. Och wann d'Autonomieverwaltung aus ënnerschiddleche Parteie besteet, de gréissten Afloss huet déi kurdesch Partei vun der Demokratescher Unioun, d'PYD.

Zwou grouss kurdesch Gruppen

Déi aner grouss kurdesch politesch Fraktioun ass de Kurdeschen Nationalrot, kuerz KNR. De KNR ass net Deel vun der Autonomieverwaltung, mee vun der Oppositioun géint den Baschar al-Assad. Esou representéiert de KNR déi kurdesch Stëmm am Kader vun den internationale Friddensnegociatioune fir Syrien.

Déi zwou Fraktiounen hunn ënnerschiddlech Stäerkten, seet de Wladimir von Wilgenburg, fräie Journalist, spezialiséiert op déi kurdesch Politik:

"D'Autonomieverwaltung an d'PYD hunn eng grouss Verhandlungsmuecht, well si um Terrain d'Kontroll hunn. De KNR huet keng Sträitkräften an Nordost-Syrien. A Syrien huet ee Muecht, wann ee Waffen huet. Sengersäits huet de KNR och eng gewësse Verhandlungsmuecht, well en un de Friddensnegociatiounen zu Genève deelhuelen."

Zesummen hätte béid Fraktioune besser Kaarten, fir déi kurdesch Cause a Syrien ze verteidegen, seet de Wilgendburg.

Et ass schwéier sech ze eenegen

Iwwer d'Krichsjoren hu si och ëmmer erëm versicht, sech méi no ze kommen, mee konnten ni op e gréngen Zweig kommen. De KNR werft der PYD vir, d'Muecht um Terrain ze monopoliséieren, seet de Siamend Hajo, President vun der KNR-noer Partei Kurdesch Fräiheetsbeweegung Syrien:

"Etliche Büros des KNR sind geschlossen und angegriffen worden. Zahlreiche Mitglieder des Nationalrates müssen das Land verlassen, sowie der Vorsitzende Berro wurden abgeholt und abgeschoben."

Dës Woch huet d'Autonomieverwaltung matgedeelt, datt si d'Restriktioune géint de KNR an Nordost-Syrien ophiewen: de KNR däerf Büroen am Kurdegebitt opmaachen, d'Membere vun de Fraktiounen däerfen erëm areesen.

Et bleiwe vill Hürden

Dëst ass e wichtegen éischte Schratt fir d'Differenzen tëschent béid Fraktiounen ze iwwerbrécken. Mee et bleiwen nach vill Hürden, an zwar hir jeeweileg politesch Allianzen.

De KNR geheit der PYD vir, der tierkescher Kurdescher Aarbechterpartei PKK nozestoen an esou Ankara en Argument ze ginn, fir dat syrescht Kurdegebitt unzegräifen.

Sengersäits kritiséiert d'Autonomieverwaltung de Kurdeschen Nationalrot dofir, datt si zanter dem Ufank vum Krich en Deel vun der Oppositioun géint de Baschar al-Assad sinn an do mat der Tierkei um Negociatiounsdësch sëtzen.

Op d'Tierkei an den Assad-Regime eng potentiell méi staark syresch-kurdesch Front toleréieren, bleift ofzewaarden. Bis elo si weder den Assad-Regime, nach d'Oppositioun zu Istanbul grouss Verteideger vun der kurdescher Demande fir eng zukünfteg politesch Dezentraliséierung a Syrien.