D'ADR-Vizepresidentin a Presidentin vun den ADR-Fraen, Sylvie Mischel, leet bis op Weideres hir Funktiounen néier. Dat mellt d'Partei an engem Communiqué, nodeems den Exekutivcomité zesumme war. D'Sylvie Mischel wéilt weisen, datt "weder si nach d'ADR als Plattform fir niddereg Gefiller kéinte mëssbraucht ginn".
Déi fréier Presidentin vun den ADR-Fraen an eng vun de Vizepresidenten vun der Partei, hat eng Foto vum Ausseminister Jean Asselborn gepost, wou hie mat Flüchtlingen zesummesetzt, déi viru kuerzem zu Lëtzebuerg Recht op international Protektioun kritt hunn. Dorënner schreift si, datt Lëtzebuerg prozentual gesinn déi meeschte Migranten no Griicheland an Spuenien hätt. D'Regierung sollt mol rëm no de Lëtzebuerger kucken, esou d'Sylvie Mischel.
Alex Penning fuerdert Konsequenzen
Den ADR-Generalsekretär Alex Penning huet doropshin Konsequenze gefuerdert. Wann den Exekutivcomité net déi néideg Decisioune géif huelen, da wéilt hie selwer aus der Partei austrieden. Och bei den anere Parteien huet de Post vun der ADR-Vizepresidentin fir Opreegung gesuergt.
Marc Angel: "ADR kann ee mat der AfD areien"
Fir den LSAP-Politiker Marc Angel ass et d'Confirmatioun, datt d'ADR an de leschte Joren ëmmer méi no riets geréckelt wier. Och wa Verschiddener méi moderat wieren, géifen anerer "dat op eng clever Aart a Weis" maachen.
Heiansdo misst een tëschent den Zeile liesen, an da géif ee gesinn, datt de Jargon vun de Politiker zu Lëtzebuerg dacks dee wier, mat deem AfD-Politiker an Däitschland Politik géife maachen. Dat wier déi selwecht Taktik, dat wier de selwechte rietspopulistesche Jargon. "Ech fannen, wann een esou Poste liest, da kann ee soen: Et kann een déi Partei areien an AfD."
Charles Goerens: "zimmlech onméiglech Geschicht"
Dem DP-Europadeputéierte Charles Goerens no wier de Facebook-Post vun der ADR-Politikerin Sylvie Mischel eng "zimmlech onméiglech Geschicht". "Ech fanne keng Wierder fir dat direkt ze qualifizéieren", esou de Moien den DP-Politiker a fréiere Kooperatiounsminister.
Der ADR-Vizepresidentin géif et drëm goen eng Partie Basisinstinkter ze suscitéieren. Dat wier esou schlëmm, datt souguer d'ADR selwer net frou wier, huet de Charles Goerens festgestallt. Hie rechent domat, datt d'Sylvie Mischel haut vun den ADR-Gremie wäert reprimandéiert ginn.