D'Suzanne Cotter gëtt nei Direktesch vum Mudam. Dat huet eng gutt informéiert Source eis confirméiert. De Paperjam hat schon Ufank August gemellt, datt d'Australierin d'Successioun vum Enrico Lunghi géif iwwerhuelen. De Musée fir zäitgenëssesch Konscht wäert den Numm vun der neier Direktesch muer offiziell virun der Press bekannt maachen.
D'Suzanne Cotter ass zënter 2013 Direktesch vum Serralves Musée zu Porto a Portugal, esou de Paperjam. Virdrun war si Curatrice vum Guggenheim Projet zu Abu Dhabi. D'Suzanne Cotter huet déi grouss Entwécklungslinne fir de geplangte Musée an de Vereenegten Arabeschen Emiraten ausgeschafft.
Vun 2002 bis 2009 war d'Suzanne Cotter Directrice adjointe an der Galerie fir modern Konscht zu Oxford. D'Australierin ass och Jury-Member a sëtzt am Conseil vu verschiddenen Institutioune fir zäitgenëssesch Konscht an Däitschland, Portugal, Frankräich an den USA.