Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Surchauffe bei de Kläranlagen

Gemengen ënner Drock

Surchauffe bei de Kläranlagen

Well d'Steierrecetten duerch d'Covid-19-Pandemie erofginn, stinn d'Gemenge finanziell ënner Drock. Doduerch riskéiere verschiddener vun hinnen hir Obligatioune beim Bau vu Kläranlagen am Kader vun den europäeschen Direktiven net méi kennen ze erfëllen, warnt de Gemengeverband Syvicol. Dat ëmsou méi, well et eng Surchauffe op deem Marché gëtt, duerch déi d'Präisser an deene leschte Joren immens geklomme sinn.

auto_stories

6 min

Ufanks November, wéi de Comité vum Gemengeverband Syvicol iwwer säin Avis fir de Staatsbudget diskutéiert huet, huet de President Emile Eicher gewarnt, et géif e Problem bei de Kläranlagen ginn. D'Gemenge kéinte sech déi net méi leeschten, wa wéinst der Covid-19-Kris d'Gemengendotatioun géif erofgoen. Datt d'Dotatiounen zeréckginn, ass eng Saach, mee et kommen nach anerer dobäi, seet den Emile Eicher.

Well an der leschter Zäit esou vill Kläranlage gläichzäiteg géife gebaut ginn, géifen d'Fournisseure fir d'Technik net nokommen "an deementspriechend maache si dann Präisser", esou den Emile Eicher. D'Gemenge géife sech dofir mëttlerweil iwwerleeën, ob se nach eng Kläranlag bauen oder net.

Offeren dacks 30 Prozent iwwer der Soumissioun

Och déi zoustänneg Stater Schäffin Simone Beissel kennt de Problem vun der Surchauffe um Bau-Marché. Heiansdo géif bal kee Betrib sech op Ausschreiwunge mellen. "Mat Momenter hu mer awer elo schlecht Surprisen, datt nëmmen eng oder zwou Offeren kommen, an datt déi schonn 30 Prozent iwwer deem leit, wat mir an eiser Soumissioun dran hunn."

D'Soumissioune géifen eigentlech op den Duerchschnëttswäerter vun de leschte Projete gerechent ginn.

Réibau a virun allem d'Technikkäschten dreiwen d'Präisser

"Konkret geet et ëm Pompelen, Riecher, Belëftung, d'Rührwerker, déi maachen, datt d'Waasser konstant beweegt gëtt, d'Offéiere vum Schlamm", sou de Luc Zwank, Directeur Adjoint vum Waasserwirtschaftsamt.

Och de Réibau wier méi deier ginn, seet hien, an d'Präishausse op der Technik géif och vun der Gréisst vun der Anlag ofhänken. "Bei enger Kläranlag kéint dat bis zu engem Verduebele vun deem sinn, wat den ursprénglechen Devis war."

Wann d'Kläranlag bis gebaut géif, géif d'Firma duebel esou vill facturéieren, wéi am Devis stoung. Dat mécht besonnesch vill bei deene klengen Anlagen aus.

De Roland Schaack, Ingenieur an Direkter vum Siden, dem Ofwaaser-Rengegungssyndicat vum Norden, nennt d'Beispill vun der Gemeng Parc Housen. Déi hat wéinst der grousser Fläch an der Verdeelung vun den Dierfer vill kleng Anlage missen bauen. Op deene leschten Anlagen, déi gebaut goufen, sollt se eigentlech zéng Milliounen Euro bezuelen, duerno louch se bei 15 Milliounen Euro.

Subside goufen drastesch gekierzt

Wann een iwwer déi Präishausse schwätzt, seet de Roland Schaack, misst een tëschent der Situatioun virum an nom Waassergesetz ënnerscheeden, dat 2008 gestëmmt gouf. Virdrun, gouf de Bau vu Kläranlagen mat 90 Prozent vum Staat subventionéiert. Duerno goung de Subsid graduell erof bis op elo 50 Prozent, erkläert hien.

"Déi richteg Präishausse, déi mer elo erliewen, déi ass 2016, 2017 komm. Do ass nämlech nach emol eng Upassung vum Waassergesetz komm an déi huet quasi gesot, wann der elo net ausschreift, wann der elo net baut, well do waren och ëmmer Bauhären drënner, déi retizent waren, fir Anlagen opzeriichten, da verfält äre Subsid, respektiv fält deen och mat engem Engagement, wat der virdrun hat, wou et méi héich war, op 50 Prozent erof. An et war och eng däitlech Opfuerderung un d'Bauhären dran fir elo d'Dossieren ze presentéieren."

Dee Moment ass zu Bréissel de Compteur gelaf fir d'Strofgeldprozeduren, well Lëtzebuerg d'Ofwaasser-Richtlinn aus de Nonzeger Joren net richteg ëmgesat hat. Eréischt ufanks 2018 war d'Prozedur ofgeschloss, seet de Luc Zwank. "De Staat Lëtzebuerg huet do ingesamt 6,2 Milliounen Euro Strofen bezuelt."

D'Ufuerderungen un d'Anlage gi méi héich

D'Ofwaasser-Richtlinn ass awer net déi eenzeg, déi bei de Kläranlage matspillt. Och déi sougenannt Wasserrahmenrichtlinie, iwwer déi de gudden Zoustand vun de Gewässer soll hiergestallt ginn, gehéiert zum Kader. An den Zoustand vun de Gewässer war 2013, wéi den éischte Plan de gestion de l'eau am Kader vun der Richtlinn opgestallt gouf, schlecht. Just dräi bis fënnef Prozent vun de Waasserleef-Ofschnëtter, waren an engem gudden Zoustand. Elo um Enn vum zweeten Zyklus sinn d'Resultater nach net offiziell an d'Ufuerderungen sinn an tëschent nees geklommen, d'Krittäre goufe geännert. Et wier awer net zu enger signifikanter Verbesserung komm, esou de Luc Zwank.

Dohier den Drock fir all Kläranlagen op déi drëtt Rengegungsstuf an där och Närstoffer, wéi Stéckstoff a Phosor aus dem Waasser gekläert ginn, opzerüsten.

Dobäi muss de Prinzip vum Pollueur-payeur applizéiert ginn, deen duerch de käschtendeckende Waasserpräis ëmgesat gouf. Fir d'Gemengen heescht dat, datt se hir Kläranlagen, fir déi se nach maximal en Zouschoss vun 50 Prozent vun de Käschten kréien, zu 50 Prozent mussen amortiséieren, also d'Suen uspueren, déi um Enn vun der Lafzäit vun den Anlagen gebraucht ginn, fir se ze erneieren. "Dat ass eng duebel Belaaschtung", fënnt den Emile Eicher. Well een d'Sue muss hunn, fir d'Anlag iwwerhaapt ze bauen.

"An gläichzäiteg stockéiert der d'Geld op Konten, fir eventuell zukünfteg Investitiounen ze finanzéieren. Mir hunn dee Prinzip schonn säit Längerem net fir konstruktiv gehalen, mir wollten dat schonn am Prinzip beschwätzen, mee de Moment géif et eis mol drëms goen, wou d'Situatioun esou ugespaant ass, fir eis ebe méi Flexibilitéit ze loossen, datt mer déi Liquiditéite behalen, déi mer onbedéngt brauchen fir ze investéieren."

Den Ëmweltministère ass net op d'Demande vum Syvicol agaangen

De Syvicol, seet de Emile Eicher, huet dofir d'Regierung gefrot, ob d'Gemengen hir Projeten dierften decaléieren, fir datt sech d'Situatioun um Marché entspaant an d'Präisser sech berouegen. An och op se den Amortissement dierften aussetzen. Et hätt een an den zwee Punkten awer nach keng Zouso kritt.

Leschte Mount hat awer den Ëmweltministère an enger neier Circulaire reagéiert. Deemno kënnen d'Gemengen, respektiv hir Syndikater hir lafend Projeten nach emol nei erareechen, erkläert de Roland Schaack, de Subsid géif dann op déi antëschent geklomme Käschte berechent.

Mee den Emile Eicher gëtt awer ze bedenken: "Dann hunn mer jo just déi Suen, déi mer vum Staat kréien, virun un d'Entreprisen geleet, ouni gréisser Plus-value."

Et si grouss Zommen, ëm déi et geet. An de leschte fënnef Joer si beim Fonds pour la gestion de l'eau Subside fir 1.234 Ofwaasserprojeten eragaangen, déi ronn zwou Milliarden Euro kascht hunn. Et ginn och ëmmer méi grouss Anlage gebraucht, well d'Land wirtschaftlech an demografesch wiisst.

De Marché iwwer d'Ausschreiwunge vergréisseren

De Roland Schaack vum Siden sicht fir seng Landgemenge schonn zanter enger Zäitche no Léisungen. Amplaz mat däitschen oder Schwäizer Firmen ze schaffen, déi bis elo de Marché vun der Kläranlagentechnik zu Lëtzebuerg dominéiert hätten, versicht een elo d'Ausschreiwungen esou ze maachen, datt och franséisch Firme sech dofir interesséieren.

Fir datt een iwwerhaapt Fournisseure fir kleng Anlag fënnt, wëllt ee versichen, der méi zesummen auszeschreiwen, fir méi e grousse Kontrakt unzebidden. Oder ganz kleng Anlage mam eegene Personal ze bauen. Déi nächste Erhëtzung vum Marché steet nämlech virun der Dier, seet d'Simone Beissel. An den neien Texter vun der EU-Kommissioun géif nämlech d'Obligatioun drastoen fir déi véiert Stuf mussen ze rengegen. Also och Mikropolluanten, wéi Medikamte-Réckstänn. Déi 13 gréissten Anlagen am Land sollen dofir prioritär opgerëscht ginn, an d'Demande fir Subside mat engem gënschtegen Taux vu 75 Prozent agereecht ginn.

Eleng déi vergréissert Kläranlag zu Beggen fir 450.000 Einwohnergleichwerter, déi de Moment an der Planung ass, wäert iwwer 200 Milliounen Euro kaschten.