Radioen

On air

9 bis 1  |  Elmiene - Light Work

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Summer markéiert vun Temperaturschwankungen

Bilan vun Agrimeteo

Summer markéiert vun Temperaturschwankungen

Uganks nach ze dréchen an ze waarm, dann ze kal an ze naass. D'Agrimeteo, den nationale Wiederdéngscht vum Landwirtschaftsministère, mécht de Bilan vun de Summerméint Juni bis August. An de Méint Juli an August huet et exzessiv gereent. Wat d'Temperaturen ugeet sou war de Summer méi waarm ewéi déi aner Joren. D'Temperature louchen 1,4 Grad iwwer der Moyenne.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Dëse Summer war markéiert vu villen Temperaturschwankungen a vun ze villem Reen, erkläert d'Dana Lang vun der Administration des services techniques de l'agriculture.

"De Juni war effektiv ze waarm an ze dréchen, do kéint ee schonn deelweis vum Ufank vun enger Dréchent schwätzen. An duerno huet et awer ugefaangen datt et méi reent an et méi kal gëtt."

Wann een eleng de Mount Juni kuckt, sou war dat dee sechst wäermste Juni zanter datt d'Temperaturen zu Lëtzebuerg registréiert ginn. Beim Reen gouf et ee Minus, dee jee no Regioun tëscht 55 a 40 Millimeter op de Meter Carré louch.

De Juli war am Duerchschnëtt méi kal

Am Juli ass et dann naass ginn. Et ware bis zu 108,2 mm Reen de Metercarré méi wéi soss.

Am ganze Land louch d'Duerchschnëttstemperatur ëm 0,7 Grad ënnert der Moyenne vun der Referenzperiod 1991-2020, mat Ausnam vun der Stad, wou d'Duerchschnëttstemperatur een hallwe Grad iwwert dem Normalwäert louch.

Duerchwuessenen August

De Mount August war da ganz duerchwuess, erkläert d'Dana Lang. Am Ufank war et kal, dann ass et rëm méi waarm ginn. Schlussendlech, leien d'Temperaturen ënnert der rezenter Normalperiod vun 1991 bis 2020.

Och wann de Weekend elo méi waarm gëtt, kéint een nach keng genau Prognose fir den Hierscht maachen, betount d'Dana Lang vun der ASTA. D'Donnéeë gi vun am ganzen 39 automatesche Wiederstatiounen uechter d'Land gesammelt.