Den neie Gesondheets-Campus am Süde vum Land mat dräi Gebaier a ronn 600 Better sollt Mëtt 2026 zu Esch seng Dieren opmaachen. Esou hat et nach am Januar 2020 vu Säite vum deemolege Gesondheetsminister Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro hi geheescht. Ob dësen Timing nach kann agehale ginn ass net sécher. Eisen Informatiounen no léisst de CHEM nämlech lafend Engagementer juristesch préiwe fir aus bestoende Kontrakter eraus ze klammen.
De CHEM-Verwaltungsrots-President Georges Mischo an de CHEM-Generaldirekter, den Dokter René Metz, informéieren dëse Freiden um zwou Auer bei enger Pressekonferenz iwwert déi rezent Evolutioune beim Projet Südspidol. Dat neit Südspidol soll de Centre Hospitalier Emile Mayrisch vun Esch, d'Klinik vun Diddeleng an den Hôpital Princesse Marie-Astrid vu Nidderkuer ersetzen.
Am Dezember 2011 hat de Regierungsrot de Bau vun dësem neie Spidol fir d'Südregioun decidéiert. Am Juni 2014 gouf den Architektur-Concours offiziell ausgeschriwwen. Vun de 56 agereechte Projeten, waren der 8 an enger zweeter Phase zeréckbehale ginn. Den Zouschlag krut am Oktober 2015 de Projet vum Wiener Architektebüro Albert Wimmer ZT GmbH.
Kritik un dësem Architekt gouf et am Zesummenhang ënnert anerem mat enger Käschten-Explosioun bei Bau vum Krankenhaus Nord zu Wien. Dës haten sech praktesch verduebelt. Zudeem waren iwwert 8.000 Baumängel konstatéiert ginn. D'Chamber hat am Juli 2018 de Gesetzesprojet fir de Finanzement vum Bau gestëmmt. Den Ament ware 433,5 Milliounen Euro fir de Bau festgehale ginn. Den Total vun de Bau-Käschte war op 542 Milliounen Euro ugesat - 80 Prozent dovu sollten de Staat, 20 Prozent d'CNS droen.