Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Südgemengen: de Präis vum Waasser geet erop

Waassersydikat

Südgemengen: de Präis vum Waasser geet erop

De Waasserpräis wäert an 22 Südgemengen op den 1. Januar ëm 40 Cent de Meterkibb klammen. Dat huet de Comité vum SES, dem Syndicat des Eaux du Sud, de leschte Freideg eestëmmeg esou decidéiert.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / sdfqwe7

Lauschterenplay_arrow


Keen hätt déi Decisioun mat Begeeschterung geholl, mee si wier awer néideg gewiescht, dat seet den Tom Jungen, Buergermeeschter vu Réiser a President vum SES, am 100,7-Interview.

EStroumpräisexplosioun fir Stauséisyndikat

Hannergrond ass de Budget vum Waassersyndikat: ouni déi Hausse vun 1,50 Euro op 1,90 Euro pro Meterkibb wier dee Budget net méi am Equiliber bliwwen, sou den Tom Jungen.

An dee Budget hänkt direkt vun deem vum Stauséisyndikat SEBES of, erkläert den Tom Jungen: d'Hallschent vum Drénkwaasser, wat am Süden ausgeliwwert gëtt, kënnt aus dem Stauséi.

Well de SEBES seng Präisser wéinst der Explosioun vun de Stroumpräisser awer huet missten upassen, misst de Waassersyndikat aus dem Süden seng Präisser och upassen.

60 bis 70 Euro pro Stot pro Joer

Op d'Stéit hätt déi Hausse net direkt een Impakt, dat well deen an enger éischter Phas reng op d'Gemengen duerkënnt. Well de Präis, dee si den Endkonsument:inne berechnen, awer dem Gesetz no muss käschtendeckend sinn, kommen och d'Stéit net dolaanscht méi déif an d'Täsch ze gräifen.

Fir de Waasserpräis vun de Gemengen ze berechnen, missten d'Käschte vun engem ganze Budgetsjoer afléissen. Dowéinst hätt dat fir d'Bierger:innen eréischt een Impakt am Joer 2024.

De President vum Waassersyndikat vum Süde schätzt, datt d'Hausse am Duerchschnëtt 60 bis 70 Euro pro Stot am Joer wäert ausmaachen.

D'Entscheedung vun de Membere vum SES-Comité, an deem exklusiv Gemengevertrieder setzen, bezeechent den SES-President als "alternativlos":

"De Comité huet déi Decisioun net gär geholl, mee mir hu se an Unanimitéit geholl, well einfach all d'Facteuren an aller Transparenz um Dësch louchen."

Zum Waassersyndikat SES gehéiert de ganze Südweste vum Land dorënner anerem déi grouss Südgemengen Esch, Déifferdeng an Diddeleng. Nieft den 22 Gemenge sinn och eng Rei Betriber direkt un den SES ugeschloss.